Jonk, gewielt an iwwergaangenWa jonk Lokalpolitiker trotz gudde Resultater net an de Schäfferot kommen

Anne Wolff
Virun de Gemengewale war ëmmer nees ze héieren, dass et schwiereg wier, fir Lëschten ze fëllen oder genuch Leit zesummen ze kréien, fir kënnen ze wielen.
Jonk, gewielt an iwwergaangen
Wa jonk Lokalpolitiker trotz gudde Resultater net an de Schäfferot kommen

A verschidde Gemenge gouf um Enn souguer guer net gewielt. Besonnesch am Fokus stounge bei dëser Thematik déi Jonk, déi sech nun emol net fir d’Duerfpolitik interesséiere géifen. Ma d’Realitéit ass awer och, dass a verschiddene Gemenge Jonker, déi sech opgesat haten an och gutt gewielt goufen, duerno iwwergaange goufen.

LINK: All Informatioune ronderëm d’Gemengewalen um RTL-WalsiteKäerch: David géint Goliath?

Ee Beispill dofir ass d’Majorzgemeng Käerch. Deen 31 Joer ale Kevin de Oliveira ass fir d’éischte Kéier a senger neier Gemeng matgaangen, virdru stoung hie schonn emol zu Dippech op der Lëscht.

Hie war de Grond, dass et zu Käerch iwwerhaapt Wale gouf an ass eleng géint d’Ekipp ronderëm den aktuelle Buergermeeschter ugetrueden. Gewonnen huet hie mat 70 Stëmmen Avance op de Gemengepapp Jean Wirion.

De Poste vum Buergermeeschter wollt den nei-Käercher awer guer net. 1. Schäffe wier hie scho gär ginn, ma do ass ee sech ouni hien eens ginn, firwat weess hien net. “Ech krut gesot, et wier ee sech an der Ekipp eens ginn, an et géing een do elo hierarchesch fueren”, erzielt hien.

Sëll: Wa Flyere fir en Denken a Lagere suergen

E puer Kilometer weider an der klengster Gemeng vum Land zu Sëll gouf et 7 Sëtz ze besetzen. Gewielt gëtt och hei am Majorzsystem.

D’Jo Clausse, 23 Joer al an Duechter vum 2018 verstuerwene Buergermeeschter Raoul Clausse, ass prompt Drëtt ginn. Ma d’Freed huet net laang gehalen. Iwwer SMS gouf si gewuer: 2. Schäffe gëtt net si, mä de séchstgewielten Tom Staus. Déi jonk Fra mengt, et hätt um Optrëtt virun de Wale geleeën: Do war si zesummen op engem Flyer ronderëm d’Ekipp vum Buergermeeschter sortant Jean Konsbrück ugetrueden. Den neie Buergermeeschter Gérard Zoller grad wéi déi zwee Schäffen hate sech als eenzel Kandidate presentéiert. “Ech ka mir virstellen, dass dat ausgesinn huet, wéi wann et zwee Lagere géif ginn”, erkläert d’Jo Clausse.

Dobäi komme méiglecherweis al Ressentimenter géint hire Papp.

Ech sinn awer net mäi Papp a maachen och sécher verschidde Saachen anescht wéi hien”, betount d’Educatrice graduée. Si hofft, sech elo no de Startschwieregkeete produktiv am Gemengerot anzebréngen an dass een awer gutt zesummeschaffe wäert.

D’Fro vum Wielerwëllen

Och a Majorzgemenge gi Buergermeeschteren a Schäffen iwwert d’Majoritéit vum neie Gemengerot decidéiert, et muss een do net der gewielter Reiefolleg nogoen. Mä d’Fro nom Wielerwëlle bleift. De Kevin de Oliveira hätt zu Käerch vill Zousproch krut, nodeems hien iwwergaange ginn ass. “Do waren och Leit dobäi, déi gesot hunn, dat entsprécht net dem Wielerwëllen”.

Ma och hien huet sech mëttlerweil mat der Situatioun offonnt an hofft, grad wéi zu Sëll, op eng gutt Zesummenaarbecht fir déi nächst 6 Joer.

Back to Top
CIM LOGO