
Zejoert hunn an engem interne Sondage 40% vun den Infirmieren an den Hôpitaux Robert Schuman uginn, Affer vu verbaler oder kierperlecher Gewalt op der Aarbechtsplaz ginn ze sinn. D’Gewalt wier ënnert anerem och vun de Patienten ausgaangen. Dës Situatioun hätt sech duerch d’Pandemie weider zougespëtzt. Dowéinst organiséieren d’HRS all Joer eng “Journee de prévention et sensibilisation à la violence du travail”. Hei kann d’Personal sech mat Psychologen a Coachen austauschen a léieren, wéi se a sou Situatioune reagéiere sollen.
Eng 60 Leit waren e Freideg bei der Formatioun dobäi, dorënner haaptsächlech Mataarbechter, déi am direkte Kontakt mam Patient stinn, wéi Dokteren oder Infirmieren. Et wier wichteg, iwwer dëse Problem ze schwätzen, fir kënnen d’Sécherheet an d’Wuelbefanne vum Personal sécherzestellen, dat seet d’Karine Rollot, Direktesch vun de Ressources Humaines vun den Hôpitaux Robert Schuman:
“Par rapport au bien-être on s’est rendu compte qu’il y a aussi le mot violence. Et donc c’est tout un accompagnement qu’on a fait au départ. On a traité beaucoup les aspects psychosociaux, puis le burnout et puis maintenant on arrive vraiment sur des concepts et on a un peu levé le tabou sur des mots qu’on n’ose pas dire dans d’autres établissements et maintenant on ose parler du mot violence.”
Besonnesch an den Urgencen an an der Psychiatrie géing et dacks zu Gewalt kommen. Dat seet den Dr. Sami Richa, Professer fir Psychiatrie op der Uni Saint-Joseph zu Beirut, deen extra fir d’Formatioun ugereest ass:
“La demande dans les urgences est une demande aiguë avec des patients qui sont souvent déboussolés et qui arrivent avec des demandes de soins rapides avec des soignants qui sont très vite dépassés que ce soit en nombre ou en demande. Donc forcément cela crée des tensions. En Psychiatrie parce que les moments de la maladie où on se fait hospitaliser sont souvent des moments aigus et peut-être des moments porteurs de violence.”
Am grousse Ganzen hätt sech d’Situatioun duerch d’Pandemie nëmme nach weider verschlëmmert. Dat hätt een och bei den Hôpitaux Robert Schuman gemierkt. Dozou de Fabrice Caroulle vum Pôle Femme Mère Enfant. Hien ass ënner anerem fir d’Prise en charge vu schwangere Fraen responsabel:
“Les tensions forcément ont augmenté puisqu’il avait des restrictions par exemple la restriction des visites a généré quand-même beaucoup de tensions dans les hôpitaux, les gens n’avaient pas l’habitude d’avoir des freins par rapport à des visites ou d’autres choses, des comportement de prévention liés également au port du masque et puis il y a aussi toute cette saturation, la crise dure longtemps et malheureusement elle est encore présente.”
Dem Dr. Sami Richa no wier den Ëmgang mat verbaler a kierperlecher Gewalt entscheedend. Als éischt misst emol de Problem erkannt ginn an da kéint een dem Personal reegelméisseg Formatiounen ubidden, wärend deene se dann och léieren, wéi een eng gutt Bezéiung zum Patient opbaue kéint.