
Wéi d’Gemeng Kielen an de soziale Medien matdeelt, ass d’Strooss den Ament op der Héicht vun der Hausnummer 27 gespaart. Ausserdeem ass den Busarrêt “Bei Mëllesch” bis op Weideres suppriméiert. D’Gemeng wier am gaangen, de Problem ze léisen, heescht et an de soziale Medien.