
Gëtt e Freideg an der Tripartite iwwer d’Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun geschwat oder net? D’Gewerkschaften OGBL, LCGB an CGFP fuerderen dat jo. D’Patronat ass dogéint. D’Regierung schéngt nach net zu enger definitiver gemeinsamer Positioun komm ze sinn. Manner wéi een Dag virum Optakt vun der Tripartite ass d’Regierung sech eisen Informatiounen no bis ewell offiziell nach net driwwer eens, ob ee mat de Sozialpartner an der Dräierronn och iwwert Upassunge vum Steierbarème schwätzt oder net.
De Premier Xavier Bettel hat en Dënschdeg den Owend no den Eenzelgespréicher mat Patronat a Gewerkschafte géintiwwer der Press gesot, dës Fro géif e Mëttwoch am Regierungsrot gekläert ginn – normalerweis wiere Steierfroe keng Kompetenz vun der Tripartite.
Wéi mer op Nofro hi gesot kruten, waren e Mëttwoch awer och nach Diskussiounen tëscht de Regierungsparteien. Eng Äntwert op déi konkret Fro, ob d’Steieren e Freideg e Sujet sinn oder net, war aus dem Staatsministère bis ewell net ze kréien.
D’Pressespriecherin sot eis just, datt bis ewell um initialen Ordre du jour vun der Tripartite näischt geännert huet. Do stinn also bis ewell just de “Phasing out” vun de Energiehëllefen drop an d’Kompensatioun vun der eventueller 3. Indextranche dëst Joer.