A gären drécken Onbekannter hire Frust u Walplakater aus. Oft genotzt gëtt dobäi de Stëft oder de Bic an d’Plakater ginn an den Aen vum “Kënschtler” opgebessert. Sief dat mat engem Brëll, engem Schnauz, enger neier Frisur oder engem méi oder wéineger geschmaachleche Sproch. Heiansdo sinn dat awer och manner “kreativ” an däitlech méi béiss a makaber Saachen, wéi et am Juni ënner anerem zu Iechternach de Fall war.
Dëse Samschdeg gouf dann och d’Walcampagne fir d’Chamberwale lancéiert an déi éischt Plakater hunn dierften opgestallt an opgehaange ginn. Natierlech hu sech et déi éischt Vandalen net huele gelooss, fir hirem dach frowierdegem Hobby nozekommen.
Eng Zeien huet eis ee vun deene Fäll eragemellt. Esou gouf zu Weimerskirch an der “Rue des Sources” e Plakat vun der LSAP, wat un engem Luuchtepotto houng, géint 19.45 Auer e Samschdeg ugefaangen an et ass verbrannt. Wéi et heescht, wier d’Police och op der Plaz gewiescht an hätt d’Affär dokumentéiert.