
Dat deelen déi Gréng vun Iechternach an engem Communiqué mat. D’Stëmmung am Walkampf wier schonn zanter Wochen extrem ugespaant. Et wier ëmmer rëm zu perséinlechen Attacken op Kandidate komm an et wier probéiert ginn, si anzeschüchteren. Sou wier zum Beispill ee vun den zwee Spëtzekandidate virun der eegener Hausdier vernannt ginn an hätt den Auto beschiedegt an zerkraazt kritt. Walplakater wiere reegelméisseg geklaut oder beschiedegt, Kandidaten als Terroriste bezeechent an Nazi-Symboler op d’Plakater geschmiert ginn.
Déi Entwécklung hätt hiren “inakzeptabelen an entsetzlechen Héichpunkt” an der Nuecht vun en Donneschden op e Freiden areecht, wéi eng doudeg Kaz op engem Plakat mat de Gesiichter vun deenen zwee Spëtzekandidate fonnt gouf.

Déi gréng Sektioun vun Iechternach hätt dowéinst e Freideg de Moie Plainte eragereecht. Et géing een déi Virfäll schaarf verurteelen a Respekt virun de Kandidaten an hiren demokrateschen Iwwerzeegunge fuerderen.


Hei de Communiqué vun deene Gréngen: