Net wäit vum Zentrum ewech, laanscht de Jeunesse Terrain, den Ellergronn erop a schonn ass ee matten an engem vun de schéinste Natur-Reservater am Minett. A wann elo un dëser Waldschoul eppes ännert, egal wat et ass, dann ass eppes lass.
Huele mer et direkt vir ewech: d'Waldschoul zu Esch wäert net zougemaach ginn. Dobäi goufen et déi leschten Deeg a Woche vill Rumeuren. Sou ass an der Minettemetropole d'Angscht ëmgaangen, Deeg vun dëser Institutioun, déi et mëttlerweil iwwer 70 Joer gëtt, wäre gezielt.
Déi eenzel Gebailechkeeten vun der Waldschoul sinn an d'Jore komm, keng Fro. Dat ass awer kee Grond, fir zouzemaachen. Au contraire, et gëtt renovéiert. Am September fänken d'Aarbechten un an dauere ronn ee Joer. Vu Muttwëll sinn dës Renovatiounsaarbechten definitiv net.
Am Naturreservat Ellergronn ass d'Walschoul situéiert, eng 2 Kilometer aus dem Escher Stadzentrum ewech. Zanter e puer Joer gëtt et hei och eng Bësch-Crèche. Hei si 17 Kanner moies a 17 Kanner mëttes ageschriwwen. Eng 4.000 Kanner profitéieren all Schouljoer vun dëser Installatioun matten am Bësch. Ëmwelt-Erzéiung gëtt hei groussgeschriwwen. Dofir wäert och eng pädagogesch Kichen installéiert ginn.
Zu Esch feelt et och u Maison Relaisen. Eng 800 Kanner stinn op enger Liste d'attente. Dofir kritt d'Waldschoul och eng nei Nues. Op deem Site wäert no de Renovatiounsaarbechten eng Maison Relais fir 40 Kanner entstoen.
Wat d'Personal ubelaangt, wäert wärend de Renovatiounsaarbechte just een Enseignant an een Educateur schaffen. An der Reegel sinn et zwou Schouljofferen.