
E Méindeg war et jo am Neiduerf an der Stad zu engem schroen Autosaccident komm, bei deem dräi Leit hiert Liewe verluer hunn. Doropshin hat d’Laure Huberty, déi op der Lëscht vun deene Stater Grénge fir d’Gemengewale kandidéiert, op Twitter d’Gemeng Lëtzebuerg indirekt mat responsabel gemaach. Dat wëllt den éischte Stater Schäffe Serge Wilmes awer net esou stoe loossen.
“Et ass eng Saach vu politeschem Wëllen an dësen Accident ass een trauregt Beispill vun toleréiertem Trafficcrime”, esou d’Laure Huberty e Méindeg an enger Äntwert op een anere Bäitrag op Twitter. Si bezitt sech domat op dee schlëmmen Accident mat dräi Doudegen e Méindeg am Neiduerf an den Tweet liest sech, wéi wa si de Gemengeresponsabele reprochéiert, datt si indirekt mat Schold doru wieren.
Virdru schreift si am Tweet, datt d’Stater Gemeng sech ëmmer schwéier dermat géing doen Tempo-30-Zonen ze amenagéieren obwuel dat den Trafic esouguer méi flësseg maache géing. De Stater CSV-Schäffe Serge Wilmes hat schonn op Facebook reagéiert a weist och RTL vis-à-vis kee Versteesdemech fir deen Tweet.
“Dat ass fir ons als Schäfferot eng inakzeptabel Ënnerstellung, well mer ganz kloer der Meenung sinn, datt een esou Accidenter net fir sech soll politesch accaparéieren. Mir hunn zwar Walen, do muss ee sech vläicht profiléieren, mee et ginn awer Grenzen an hei ass fir eis kloer eng iwwerschratt gewiescht.”
Et sollt een elo d’Police an de Parquet hir Aarbecht maache loossen. D’Laure Huberty huet hiren Tweet mëttlerweil geläscht. Si hätt dësen aus der Emotioun eraus geschriwwen, wéi si op Nofro hin erkläert.
“Wéi vill aner Leit war ech ganz schockéiert vun deem Accident, et ass ee schrecklecht Accident, dat geschitt ass. Ech well nach eng Kéier deene concernéierte Leit mäin Häerzlecht Bäileed ausdrécken, sou wéi ech dat och direkt op Twitter gemaach hat. An der Emotioun hunn ech dunn an deem zweeten Tweet wuel net déi richteg Wieder fonnt an dat deet mer Leed.”
Et wier net hir Absicht gewiescht den Accident politesch auszenotzen a si hätt och kengem wëllen d’Schold derfir ginn. D’Thema Mobilitéit géing hir einfach um Häerz leien an am Schock hätt si sech falsch ausgedréckt. D’Gemengewale sinn iwwregens den 11. Juni, also a ronn dräi Méint.