LCGB um 1. MeeWalrecht, Budget, Mindestloun an Index ware Sujeten

Lynn Cruchten
Am Kader vun der 1. Mee Feier vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond zu Réimech goufen eng ganz Partie Wënsch a Fuerderungen geäussert.
© Lynn Cruchten/RTL

Den LCGB fuerdert dat aktiivt a passiivt Walrecht fir all d’Matbierger hei am Land. Den LCGB fuerdert d’Lëtzebuerger Regierung op, hire Budget erëm an den Equiliber ze kréien. Den LCGB fuerdert e weidert konsequent Upasse vum Mindestloun iwwert de Crédit d’impôts. An den LCGB fuerdert och d’automatescht a reegelméissegt Upasse vun der Steiertabell un den Index.

Am Kader vun der 1. Mee Feier vum chrëschtleche Geschäftsverband zu Réimech goufen eng ganz Partie Wënsch a Fuerderunge geäussert. Donieft gouf am gutt gefëllten Zelt nieft der Réimecher Schwemm awer och Reklamm fir Europa gemaach.

"Europa brauch méi wéi just e Feierdag, wann et net soll a Schierbelen zerfalen", sou den LCGB-President Patrick Dury e Mëttwoch de Moien am Kader vu senger 1. Mee Ried. Europa  bräicht awer grad elo Glafwierdegkeet an Iwwerzeegung fir seng Iddien an Idealer, an et bräicht wesentlech méi, wéi e Feierdag also den Europadag den 9. Mee. D'Europäesch Iddi vum "Mateneen" misst nees an de Virdergrond gesat ginn.

Méi Integratioun an Inclusioun an e bessert Matenee wieren an Europa néideg grad wéi och zu Lëtzebuerg, eisem Land, dat am Fong Europa am Klenge wier, mee wou, dem Patrick Dury, no déi vill verschiddenen Nationalitéiten net op allen Niveaue gläich behandelt géifen.

Den LCGB fuerdert an deem Kontext dat aktiivt a passiivt Walrecht fir all d’Matbierger hei am Land. D’Regierung an d’Chamber sollten hei Responsabilitéit iwwerhuele, fir Lëtzebuerg méi demokratesch ze maachen.

Op d’Sozialwalen den 12. Mäerz dëst Joer kuckt den LCGB mat Zefriddenheet zréck. Et hätt een en historescht gutt Resultat gemaach an et hätt een d’Walen ouni Gepicks bestridden an ouni sech ze vill mat aneren ze beschäftegen, am Géigesaz zu anere Gewerkschaften. Den LCGB wier nämlech esou staark a lieweg wéi nach ni sou nach de Patrick Dury.

PDF: Den Discours vum LCGB vum 1. Mee.

Back to Top
CIM LOGO