
Dowéinst hate si d’Inneministesch Taina Bofferding gefrot, ob ob eng Circulaire un d’Gemenge géif goen, déi de Bläistëft verbitt.
An hirer Äntwert huet d’Inneministesch erkläert, datt dat net wäert gemaach ginn. An deem Kontext rappelléiert d’Inneministesch dann och drun, dass wann een e Walziedele manipuléiert, eng Amende vu 500 bis 15.000 € bezuele muss.