
Op der Plaz konnt d’Police déi zwee Verdächteg untreffen a si goufen duerchsicht. Dobäi goufe Pefferspray, Rezepter vum Dokter a Medikamenter fonnt. De Parquet huet déi zwee Verdächteg wéinst Dokumentefälschung a Verstouss géint d’Waffegesetz festhuele gelooss. Si koumen nach am Laf vum Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter.