
De Silo muss eran, d'Kéi gestrach, de Stall gemëscht an d'Véi gefiddert ginn. An et ass ëmmer manner Famill do fir anzesprangen.
Dat waren d'Landwierten sech scho viru 47 Joer bewosst, wéi se de Maschinen und Betriebshilfsring gegrënnt hunn. Eng Genossenschaft fir déi organiséiert Noperschafts Hëllef ënner Baueren auszebauen. An op déi de Guy Diederich, Mëllechbauer vun Nidderglabech, ëmmer méi ugewisen ass.
An ausser dem Bouf ass quasi keng Famill méi do fir anzesprangen. Eng Entwécklung, déi vill Bauere kennen.
Wann Nout um Mann ass oder och mol saisonal Aarbecht ufällt, rifft de Bauer Diederech am Maschinenring un. Hei gëtt op der Lëscht vun den 150 ageschriwwene Betribshelfer ee gesicht, deen aus der Géigend ass, Zäit huet anzesprangen an déi néideg spezifesch Kompetenzen huet. erkläert d'Presidentin Louise Frieseisen.
Als Betriebshelfer agedroen si Baueren, dacks awer och Schüler a Studenten, déi schonn alt mol beim Bauer geschafft hunn oder an der Akerbauschoul sinn oder waren. De Jeff Gillen ass ee vun den 3 Betriebshelfer, déi fest beim Maschinenring agestallt sinn. Eng Plaz déi him ganz entgéint kënnt, soulaang de Papp nach doheem den Haff féiert.
Esou verdéngt de Jeff net just Sue, mee sammelt och wäertvoll Iddien an Erfarunge fir Zukunft. 20 Stonnen d'Woch ass hie fest agestallt, déi aner Zäit kann hien doheem um Haff schaffen oder fräiberufflech op aner Häff aushëllefe goen.
Nieft der Betriebshëllef an der Vermëttlung vu Maschinnen, bitt den senge Memberen verschidden administrativ Servicer. Organiséiert awer och ëmmer méi Aktiounen mat de Baueren, wéi Sammelaktioune vu Plastikfolien vun de Ronnbotten. An bidden de Bierger bestëmmte Servicer un.
Zil ass et nees méi eng enk Relatioun tëscht de Leit an de Baueren opzebauen. Mat méi Vertrauen a Versteesdemech hoffe se beim Maschinenring och den Image vun de Landwiirte dobaussen ze verbesseren.