
Et geet do ëm d'Recourse vu Prisonéier géint Decisiounen, déi de Procureur général geholl huet.
Den Diddelenger LSAP-Deputé-Maire Dan Biancalana, vu Formatioun iwwregens Kriminolog, huet sech an enger parlamentarescher Fro fir d'Arrêten interesséiert, déi vum neien Organ bis ewell geholl goufen.
Et waren der 85, bei 661 Decisiounen déi an de Servicer vum Procureur général geholl goufen, esou de Justizminister Felix Braz a senger Äntwert.
Et geet bei deenen Decisiounen ëm congé pénal, dem Transfert vu Schraasseg an den oppene Strofvollzuch, respektiv ëmgedréit, d'Fräiloossen ënner verschiddene Bedingungen, d'Suspensioun vun der Strof, d'elektronesch Braceleten etc.
Derbäi komme bal 500 Decisiounen a Saache Fuerverbuet.
Wat elo déi 85 Arrête géint Decisiounen vum Procureur général betrëfft, goung et:
18 mol ëm een antizipéiert Fräiloossen,
12 mol ëm ee congé pénal,
8 mol war d'Suspensioun vum Strofvollzuch de Sujet,
6 mol goung et ëm den Transfert vu Schraasseg an den oppene Strofvollzuch zu Giwenech,
3 mol goung et ëm den ëmgedréinten Transfert wéinst disziplinaresche Grënn.
Parallel waren et 8 éischter reng perséinlech Fäll wou een Detenue aus dem Prisong wollt fir de Partner ze besichen, well ee Familljemember am Spidol war, wéinst engem Rendez-vous um Konsulat oder nach bei Demanden fir d'Erlaabnis ze kréien fir sech ze bestueden.
D'Chambre de l'application des peines vum Appellsgeriicht huet sech bei 11 vun de 85 Affäre fir inkompetent erkläert. 30 Recourse waren net recevabel. A 36 Fäll gouf d'Decisioun vun de Service vum Procureur général confirméiert. 6 där Decisioune goufe reforméiert. Zwou Affäre stinn nach op.