Sven Clement vun de Piraten"Wann ee Politik mécht, da wëllt ee gestalten"

Jeannot Ries
E Vue vun de Chamberwalen, sinn d'Pirate prett fir mat a Koalitiounsgespréicher ze goen.
Sven Clement vun de Piraten am RTL-Interview
“Wann ee Politik mécht, da wëllt ee gestalten”

“Wann ee Politik mécht, da wëllt ee gestalten. De Wee féiert do iwwer Regierungsbedeelegung. Mir kënnen eis awer och ganz aner Zenarioe virstellen”, esou de Spëtzekandidat vun de Piraten, Sven Clement am RTL-Interview.

Fir eng Regierungsbedeelegung misst ee fir d’éischt gefrot ginn, an da misst inhaltlech verhandelt ginn. D’Pirate géifen Haut näischt ausschléissen. Fir d’Pirate ginn et just zwou Parteien, mat deene se sech keng Koalitioun virstelle kënnen, extrem-Riets an extrem-Lénks.

Fir wéi eng Politik stinn d’Piraten?

“Mir sti fir eng pragmatesch Politik, déi Léisunge sicht statt ëmmer nëmme Problemer ze sichen, respektiv Sträiter aus deene leschten 100 Joer nach eng kéier nei ze liewen”, sou de Sven Clement. Wéi Familljeliewen an Aarbecht verbannen? Wéi fannen ech mech an enger digitaler Welt erëm? Wéi fannen ech mech an enger Welt erëm, déi ëmmer méi séier dréit? D’Leit géifen do no Léisunge sichen.

D’Pirate wieren och fir en anere Politik-Style. Se wéilten d’Leit, sech méi bedeelege loossen. Méi op d’Leit lauschteren. D’Leit abannen.

D’Piraten mam Sven Clement, um Wee an eng nächst Regierung?

Se gesi sech selwer als eng Partei mat Stachel. 2009, wéi de Sven Clement an de Jerry Weyer d’Pirate gegrënnt hunn, hu se sech bewosst als Theme-Partei positionéiert, déi spezifesch Problemer upake wollt, als Géige-Gewiicht zu den etabléierte Parteien.
Dateschutz, Transparenz, de fräien Zougang zu Informatiounen, d’Verdeedegung vun de Biergerrechter sinn d’Schlagwierder vun der éischter Stonn. 2018 packen de Sven Clement an de Marc Goergen de Sprong an d’Chamber. Der leschter Sonndesfro no kéinten d’Piraten, mam Sven Clement als 4t-populäerste Politiker vum Land, am Hierscht vun elo zwee, op bis zu 6 Sëtz an der Chamber klammen. Dat schéngt aner Parteien nervös ze maachen. D’Pirate géifen an de Startlächer stoen, fir Gambia 3, wann et muss sinn, sou d’ADR op hirem Kongress. Bis den 8. Oktober sinn d’Piraten dem Wieler nach eent schëlleg: kloer Aussoen, fir wat fir eng Politik d’Partei konkreet steet.

D'Piraten mam Sven Clement, um Wee an eng nächst Regierung?
Se gesi sech selwer als eng Partei mat Stachel.

Back to Top
CIM LOGO