Dacks leien tëscht enger Infraktioun, wéi engem Iwwerfall oder engem Vol mat Gewalt, an dem Geriichtsprozess, laang Méint a souguer Joren. Dëst soll an Zukunft duerch d'Prozedur vun der "comparution accélérée" änneren.
Wann also en Auteur a flagranti bei enger Infraktioun wéi engem Vol erwëscht gëtt, soll hie méi séier kënne verurteelt ginn. En entspriechenden Avant-Projet de Loi ass quasi finaliséiert - dat preziséiert d'Justizministesch Elisabeth Margue.
Mat der neier Prozedur soll et dann och méiglech ginn, fir Recidiviste méi streng ze bestrofen, wann dës Persoune repetitiv stroffälleg ginn - bis hin zu Prisongsstrofen, déi da kënne geschwat ginn.
Wéi d'CSV-Ministesch betount, soll duerch déi nei Prozedur d'geriichtlech Äntwert op grav Gewalt-Delikter wéi Iwwerfäll am ëffentleche Raum méi séier, kohärent an determinéiert ginn.
D'Froen zu de Sanktioune bei Iwwerfäll, wou Gewalt am Spill ass, hat den CSV-Deputéierte Laurent Mosar senger Parteikolleegin an enger parlamentaresch Fro gestallt.