Invité vun der Redaktioun (15. November) - Nicolas SchmitWann net EU-Kommissär, dann awer an d'Chamber

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moie war den LSAP-Politiker Nicolas Schmit eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Nicolas Schmit
En Donneschdeg de Moie war den LSAP-Politiker Nicolas Schmit eisen Invité vun der Redaktioun.

Och als Aarbechtsminister hunn ech mech ëmmer fir e soziaalt Europa agesat. T’ass eng Häerzensaufgab, fir déi ech mech gär géif bereet stellen, well och Europa an enger prekärer Situatioun ass.

Esou huet den Nicolas Schmit en Donneschdeg de Moien bei eis als Invité vun der Redaktioun confirméiert, dass hie gären als EU-Kommissär op Bréissel wéilt goen.

Member vun enger neier Regierung wäert hien op alle Fall net méi sinn.

Nicolas Schmit: Net méi an d'Regierung

Hie wéilt net aus der Lëtzebuerger Politik flüchten, mä sech eben an Europa abréngen. Et wier eng Zorte Liewensaufgab, fir déi hien och eng gewëssen Erfarung hätt.

Nicolas Schmit: Bereet EU-Kommissär ze ginn

Et géif jo och vill vu Renouveau geschwat ginn, dofir wéilt hien eben no 14 Joer Plaz maachen, fir méi jonk Leit. Gläichzäiteg sot hien awer och, dass hien awer, sollt et mam Posten vum Kommissär zu Bréissel näischt ginn, wéilt an d’Chamber goen. Fir wéi laang misst een dann gesinn, sou den Nicolas Schmit. Regierung wier awer wéi gesot keen Thema méi.

Hie wollt um Donneschdeg de Moien och net confirméieren, dass an de Koalitiounsgespréicher d’LSAP de Poste vum Kommissär schonn zougeséchert kritt hätt.

Dat misst een elo nach an der Diskussioun zesumme kucken. Elo géif elo mol nach ëm e Programm goen.

D’Decisiounen iwwert d’Posten um Enn wieren Deel vun engen globale Package. Ween herno wouhinner geet, géif eréischt zum Schluss decidéiert ginn.

En Donneschdeg de Moie war den LSAP-Politiker Nicolas Schmit eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Tëlee-Interview mat weideren Aussoen

Den Nicolas Schmit stoung no der Emissioun "Invité vun der Redaktioun", nach fir d'Kollege vun RTL Télé Lëtzebuerg vir en Interview virun der Kamera. Extraite vun deem Interview ginn et am RTL-Express, kuerz no 12 Auer.

Do huet den LSAP-Minister z.B. op Nofro hi präziséiert, datt e wéilt am Mee d’nächst Joer mat an d'Europawale goen. Wa seng Partei dat wéilt.

Nicolas Schmit: Europawalen och eng Optioun

De kompletten Interview gëtt et dann exklusiv op RTL.lu en Donneschdeg den Owend vun 20 Auer un.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO