Vill verschidde MeenungenWat ass de Sënn an Zweck vun der Juegd?

Tim Morizet
Et war en animéierten Debat: An eiser Emissioun "Dir Hutt d'Wuert" war de Mikro op, fir iwwert Sënn an Zweck, dofir oder géint d'Juegd ze argumentéieren.

Et ass ee vun den Themen, bei deenen d'Meenungen dacks net méi verschidde kéinte sinn. Déi eng gesinn et als e bluddege Fräizäitspaass, déi aner als Necessitéit fir d'Wëldbestänn, ewéi och de Bësch, ze fleegen.

Wat ass de Sënn an Zweck vun der Juegd? - Rep. Tim Morizet

Ouni hiert Amësche wier d'Konsequenz fatal fir d'Landwirtschaft, ewéi fir d'Ekologie vum Bësch. Ëmmer erëm gëtt betount, datt ouni natierlech Jeeër, de Mënsch misst antrieden, ma och d'Politik.

"D'Wëllschwäi wieren en grousse Problem fir de Bauer a géif villes futti maachen. Duerch de Changement vum Klima, an dat méi Fudder wat se fannen, ginn et der ëmmer méi."

Vill Léit gleewen dëst allerdéngs net. D'Wëld géif vun de Jeeër just opgehuscht ginn, wat dozou géif féieren, datt se méi Fudder brauchen an als Konsequenz méi Schued uriichten. De Jeeër géif duerch séin Verhalen also just méi Schued am Bësch hannerloossen.

"D'Juegd géif also ökologesch Systemer futti maachen. An Däitschland a Schweden wieren d'Jeeër och haaptsächlech géint de Retour vum Wollef. Dëse kéint awer eng nohalteg Ekologie erméiglechen"

Wann een iwwert d'Juegd schwätzt, kënnt een net laanscht d'Thema Klappjuegd. Dës wier villen Nolauschterer no awer just Déierequälerei. D'Jeeër hätten zwar eng intensiv Ausbildung, fir Déieren ze schéissen. Ma et kéint no engem Schoss deen net ganz genee souz Stonnen daueren, bis dat Déier fonnt gëtt, fir erléist ze ginn.

Op Commentairë vum ekonomesche Wäert vun der Juegd gouf et och ganz verschidde Reaktiounen.

"An ville Commentaire liest een dat d'Juegd e gutt Geschäfft wier. Ma Jeeër leenen dat of. Dat wier guer net wouer. Et géif knapps duergoe fir d'Munitioun ze bezuelen."

Kritik dann um Begrëff „Hobby-Jeeër“. Esou eppes géif et net ginn, et géif ee Joer dauere fir Jeeër ze ginn. Mat Schéissübung, enger Staatsprüfung, a villes méi. De Begrëff Hobby-Jeeër héiert een net gären.

D'Schwéngspescht war och e grousst Thema. D'Angscht virum Ausbroch zu Lëtzebuerg ass grouss bei de Baueren. D'Juegd wier hei déi eenzeg Alternativ fir de Risk, konsequent a séier, ze eliminéieren.

Back to Top
CIM LOGO