
Ënner anerem 45 Betriber aus dem Bausecteur falen d’nächste Mount an de Regimm vum Chômage partiel. Ma wat bedeit dat eigentlech fir d’Betriber an hir Employéeën?
Den Zougang zum Chômage partiel - och Kuerzaarbecht genannt - ass am Aarbechtsrecht gereegelt. Dëst gesäit vir, dass e Betrib de Chômage partiel aus 4 verschiddene Grënn ufroe kann: Aus konjunkturellen oder strukturelle Grënn, wéinst engem Cas de force majeure oder well wichteg Clientë wirtschaftlech Schwieregkeeten hunn.
Kuerzaarbecht wéinst strukturelle Grënn
De Chômage partiel aus strukturelle Grënn riicht sech un Entreprisen, déi strukturell Schwieregkeeten hunn an déi Mataarbechter entloosse mussen. Bei Betriber, déi sech an dësem Fall befannen, ass d’Kuerzaarbecht Deel vun engem Plan de maintien à l’emploi oder engem Plan de redressement.
Kuerzaarbecht bei konjunkturelle Schwieregkeeten
Och Betriber, déi an engem Secteur aktiv sinn, dee vun enger Kris betraff ass, dierfe kuerz schaffen.
Kuerzaarbecht wéinst ekonomeschen Ofhängegkeeten
Verschidden Entreprise si fir hiert wirtschaftlecht Iwwerliewen op een oder e puer wichteg Haaptclienten ugewisen. Wann dës a wirtschaftlech Schwieregkeete geroden, huet dat deementspriechend Konsequenze fir dës Betriber. An deem Fall hu si e Recht op de Chômage partiel.
Kuerzaarbecht wéinst engem Cas de force majeure
Schliisslech kann et virkommen, dass Firme wéinst Tëschefäll, iwwert déi si keng Kontroll hunn, net wéi gewinnt schaffe kënnen. Dat kann zum Beispill bei Naturkatastrophe wéi Iwwerschwemmunge passéieren. Och dës dierfe Kuerzaarbecht maachen.
Wann eng Firma ënnert dem Regimm vum Chômage partiel funktionéiert, kann dat en Deel oder alleguer hir Employéë betreffen, onofhängeg dovun, ob dës sech an engem befristen oder onbefristen Aarbechtsverhältnis befannen. Wärend de Betrib am Chômage partiel ass, schaffen dës manner Stonnen oder komme guer net op d’Aarbecht. Fir d’Stonnen, déi si schaffen, muss de Patron hinnen hiren normale Stonneloun bezuelen. Fir déi Stonnen, déi si net schaffen, muss de Patron hinnen eng Entschiedegung an Héicht vu mindestens 80 Prozent vun hirem Stonneloun bezuelen.
Fir de Fall, dass en Employé, dee sech am Chômage partiel befënnt, enger Weiderbildungsmesure nogeet, muss hie fir d’Stonnen, déi dës Mesure an Usproch hëlt, mat 90 Prozent vu sengem leschte Stonneloun entschiedegt ginn. A béide Fäll muss d’Entschiedegung an hirer Héicht op d’mannst dem onqualifizéierte Mindestloun entspriechen. Am Fall, wou d’Entschiedegung manner ewéi den onqualifizéierte Mindestloun ausmaache géif, gëtt d’Differenz aus dem Fonds pour l’emploi bezuelt.
De Betrib gëtt fir d’Entschiedegungen, déi en am Kader vun der Kuerzaarbecht bezilt, vun der ADEM rembourséiert. Dës Entschiedegung ass op 80 Prozent vun der Pai vum concernéierten Employé an op dat 2,5-facht vum qualifiéierte Mindestloun plafonéiert.
Wann e Betrib Kuerzaarbecht mécht, bedeit dat fir déi betraffen Employéë meeschtens, dass si um Enn vum Mount manner Suen um Kont hunn. Allerdéngs wäert kee manner wéi de qualifizéierte Mindestloun kréien.