Zu Esch am Pop-up-Store ass d’Konzept e bëssen anescht wéi an anere Pop-up-Geschäfter. Hei kënne 7 verschidden Entrepreneure gläichzäiteg hir Produiten ausstellen a verkafen. D’Ausstellungsplaze ginn hinnen tëschent 1 an 12 Wochen zur Verfügung gestallt. Fir och klengen Entreprisen d’Méiglechkeet vun engem eegene Geschäft ze ginn, ginn d’Plaze fir 75 Euro d’Woch vun der Escher Gemeng verlount.
De Pop-up-Store ka fir jonk Entrepreneuren eng éischt Experienz mat engem reelle Geschäft sinn. Dëst ass och de Fall fir d’Sandra Lefait, wat elo scho fir d’zweete Kéier mat senger Mark “Blanche Loutre” eng Plaz am Escher Pop-up-Store huet.
Dass eng Plaz an engem Pop-up-Geschäft och e Sprangbriet fir en eegene Buttek ka sinn, hunn d’Monica an den Antonio Carvalho erlieft. Nodeems si 2019 hiert Konzept “Bricks4Kidz” am Pop-up-Store an der Groussgaass ënnert d’Leit brénge konnten, hu si 2 Joer méi spéit en eegent Geschäft zu Bouneweg opgemaach.
Pop-up-Geschäfter sinn e feste Bestanddeel vun den Akafsstroossen hei am Land ginn a wäerten och sou séier net erëm verschwannen.