Déi politesch Oppositioun weist sech vun alarméiert, iwwer desillusionéiert bis hin zu enttäuscht, mä ass wierklech alles sou vague a schlecht, wéi et gezeechent gëtt?
Mir kucke mat de Journalistekolleegen, wat ee sech a puncto Logement, Klima a Finanzen z’erwaarden, huet a wat d’Regierung Frieden/Bettel muss ëmsetzen, fir credibel ze bleiwen.
D’Ines Kurschat vum Wort
De Pit Scholtes vum Onlinemagasinn Reporter
Den Armand Back aus dem Tageblatt
Et war d’Woch, wou d’Ministeren den Deputéierten hire Regierungsprogramm presentéiert hunn.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d’Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den “Emissiounen” fannt.