
D'Justiz kritt Büroen um éischte Stack. De Rez-de-chaussée gëtt fir de Public accessibel a soll zu kulturellen Zwecker genotzt ginn. Den Ament gëtt gepréift, ob eng permanent Ausstellung iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch kann installéiert ginn. Da soll och Restauratioun dohinner kommen. Dat alles äntwert déi gréng Kulturministesch Sam Tanson dem DP-Deputéierten André Bauler op eng parlamentaresch Fro.
Vis-à-vis an der Märei si se awer wéineg begeeschtert vun deene Pläng.
"Mir sinn der Meenung, datt et net duergeet, fir am Häerze vun der Stad a sou engem historesche Gebai, just eng Plaz ze maache fir Büroen a fir den xte Restaurant. Dat ass fir eis d'Geleeënheet verpasst, fir eng lieweg Plaz heiraus ze maachen. Et gëtt och net der Séil an der Geschicht vun deem Gebai gerecht", sot de CVS-Schäffe Serge Wilmes.
An den Ae vun der Stad Lëtzebuerg hätt hei sollten eng Plaz fir d'Kanner geschafe ginn.
"Wann een op d'mannst de Rez-de-chaussée géing notzen, fir datt Kanner op eng spilleresch Aart a Weis den Alldag kéinten entdecken, Äntwerten op hir Froe kréien, wou och Theatervirstellunge kéinte sinn, Liesunge gemaach ginn. Eng Zort Kannermusée géing ganz gutt op déi Plaz passen. Mir sinn net sou iwwerzeegt, datt elo ganz vill Famillen interesséiert sinn an d'Stad ze kommen, well do eng Expo iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch ass", sou de Serge Wilmes weider.
D'Stad hätt dem Bauteminister François Bausch dee Wonsch och matgedeelt an dee wier och eigentlech net ofgeneigt gewiescht. D'Gemeng wëll dann och nach net opginn.
"Mir hoffe wierklech a wäerten och all d'Demarchë maachen. Mir kenne jo och déi Leit. Ech sinn awer ganz optimistesch, datt mer mat hinnen op d'mannst mol déi Iddi kënnen diskutéieren a vläicht zesummen e Projet fannen", esou nach de Serge Wilmes.
D'Stad Lëtzebuerg weist Versteesdemech fir déi raimlech Besoine vun der Justiz. No der Meenung vum Serge Wilmes kéint een, um Rez-de-Chaussée, d'Iddi vun der Gemeng an d'Projete vun den zoustännege Ministèren integréieren.
An d'Ex-Nationalbibliothéik kommen 3 Chambere vum Bezierksgeriicht an eng Expo.