Nom BrexitWat geschitt mat deene Britten, déi sech zu Lëtzebuerg installéiert hunn?

RTL Lëtzebuerg
"D’Mënsche stinn am Mëttelpunkt vun der Diskussioun." Esou huet et um Méindeg de Mueren direkt no der zoustänneger Bausse-Chamberkommissioun geheescht.
© RTL-Archiv

Do stoung de Gesetzesprojet iwwer eng Ännerung bei der Libre circulation vun de Persounen an der EU - an do mat Vue op de Brexit - um Ordre du Jour.
Wat geschitt mat deene Britten, déi sech zu Lëtzebuerg installéiert hunn, wa Groussbritannien aus der EU Enn Mäerz erausklëmmt?

Dës Woch stëmmt dat britescht Parlament jo iwwert 3 Zeenarien of. Iwwert de Brexit-Deal, esou wéi en ausgehandelt gouf, iwwert een No-Deal an een Donneschden, wann déi zwee Votten déi Deeg virdrunner negativ ausginn, iwwert eng Verlängerung vum Delai, bis datt d’Insel aus der Unioun klëmmt.

D’Fro, wéi ee Statut d’Britten nom Brexit zu Lëtzebuerg hunn, muss gekläert ginn. D’Gesetz, wou een hei driwwer geschwat hätt, géif am Fall vun engem gereegelte Brexit gëllen, huet de Rapporter vum Projet den LSAP-Deputéierte Marc Angel erkläert. Et goung an der Haaptsaach dorëms, fir ze clarifiéieren, datt d’Britte wärend der Transitiounsphas hir Dokumenter kënnen an d’Rei bréngen. ”Kënnen” mä net onbedéngt “mussen”. Et muss een net bis Enn 2020 waarden. Duerno awer ass et obligatoresch.

Donieft huet de Rapporter vum Gesetzprojet Marc Angel och präziséiert, datt d’Direction de l’immigration 8 weider Leit agestallt huet, fir an Zukunft Dossiere vun de Britten ze traitéieren.

De Leit misst een onbedéngt Sécherheete ginn, huet d’CSV-Deputéiert Viviane Reding no der Kommissioun betount. Et kéint net sinn, datt d’Britten zu Lëtzebuerg op eemol net méi d’Recht hätten, hei ze wunnen, well Groussbritannien als Pays tiers ugesi géif ginn. Sollt et nämlech zu engem "Hard Brexit kommen", kënnen se nëmmen nach wärend engem Joer hir normal Rechter behalen.

Et wëll ee kee fale loossen, dat ass de Credo vun der Lëtzebuerger Regierung an och vun der Oppositioun. Et geet hei ëm Mënschen a Familljen, mat deene keng Politik bedriwwe soll ginn, huet et um Méindeg de Mueren e puer mol geheescht.

Absolut Kloerheet hunn dann d'Britten zu Lëtzebuerg, déi hei als Fonctionnaire schaffen. An der Fonction publique ass nämlech gesetzlech festgehalen, wat am Fall vun engem gereegelten oder och ongereegelte Brexit mat de britesche Staatsbeamte geschitt.

De Gusty Graas vun der DP: "Mir hunn 42 Britten hei, déi an der Fonction publique sinn, de gréissten Deel ass do am Enseignement. Kéim et zu engem No-Deal, dann hätten déi Leit theoretesch vum 1. Abrëll u keng Plaz méi, dofir gouf elo e separat Gesetz virgeluecht ginn, deen déi 2 Zeenarioe virgesäit."

Mir wieren also an engem Fall vun Deal oder No-Deal ofgeséchert.

D’Britte kéinten an hirer Funktioun bleiwen. Allerdéngs misst dat Gesetz nach virum éischten Abrëll gestëmmt ginn, esou de Gusty Graas, fir datt et kann a Kraaft trieden.

Back to Top
CIM LOGO