Cash oder Kaart?Wat hunn d'Leit am Grand-Duché léiwer?

RTL Lëtzebuerg
En neie Sondage vu "Quest", wou 1.000 Residente gefrot goufen, weist, datt d'Meenunge wäit ausernee ginn.

D'Populatioun hei am Land ass ganz polariséiert. 3 vun 10 hätte kee Problem domat, wa Boergeld géing verschwannen. 35% wëlle par Konter onbedéngt u Schäiner a Mënze festhalen. 3 vun 10 Leit hätten näischt dogéint, wann am Supermarché guer kee Boergeld méi géif acceptéiert ginn. 30 % refuséieren déi Iddi awer total.

D'Meenungen an d'Gewunnechte ginn also wäit auserneen, egal wéi al d'Leit sinn.

Iwwer een Drëttel vun de Residente bezilt och kleng Montanten, bis 10 Euro, mat der Kaart.

PDF: Schreiwes vu Quest market intelligence

Back to Top
CIM LOGO