Bësch-Symposium Wat kënne Bëschbesëtzer preventiv maachen a puncto Bëschbrandgefor a Bekämpfung?

Claudia Kollwelter
Déi Fro stoung am Zentrum vun engem Virtrag am Kader vum Bësch-Symposium vum Veräin “Lëtzebuerger Privatbësch”.

Och wann d'Gefor an d'Risiken zu Lëtzebuerg manner grouss si wéi an anere Länner, ass et e wichtege Sujet. Well brenne kann et iwwerall, huet de Gilles Lavendier vum CGDIS a senger Presentatioun betount:

“Mir kënnen engersäits en Humus hu respektiv, wann een en torfege Buedem huet, wéi mer et dann elo leider am Héije Venn eeben haten, dat kann natierlech brennen am Buedem selwer respektiv wierklech déi éischt puer Zentimeter. Dann natierlech och d'Krautschicht ka brennen. Jo, esou iwwert de Buedem wech, huet ee meeschtens net esou vill Brandlaascht dran. Dat leeft einfach driwwer an ass da relativ séier fort. Dat heescht, alles, wat esou iwwert de Buedem leeft. Dann natierlech kann et och eropgoen an d'Strauchschicht. D'Stämm eenzel kënne brennen. An natierlech och de Krounendaach ka prinzipiell och brennen. A wa mer e Feier op all deene verschiddenen Héichtestufen hunn, jo dann hu mer e sougenanntent 'Vollfeier'. Da brennt einfach alles, wat u Vegetatioun do ass.”

 Eppes, wat een och bedenke misst, wier dass wann et an der Héicht brennt oder vill Wand ass, d'Feier ka weider sprangen.

 “Dat heescht, wann et op enger Plaz brennt, kann et virkommen, dass et zéng, awer och Honnerte Meteren hannendrun duerch de Wand gedroen, d'Glous nees néierfält an do neit Feier entfacht, wat dann natierlech eng immens Gefor ass, och am Ëmgang bei esou Vegetatiounsbränn. “

 De Gros vun de Vegetatiounsbränn entstinn net spontan. 90 Prozent sinn op mënschlech Aktivitéit zréckzeféieren.

“Dat kann onverschëlt sinn, d'Aarbecht um Feld oder am Bësch, d'Maschinn, déi iergendwéi Fonke schléit an dann, jo, dann ass et och schonn ze spéit. Dat kann natierlech och Farlässegkeet sinn, d'Zigarett zu Fënster erausgehäit oder op ongënschtege Plazen e Lagerfeier iergendwou am Bësch ugemaach. An dee leschte Fall, virsätzlech Brandstëftung, ass natierlech och méiglech.“

Wat d'Chiffere betrëfft, betount de Gilles Lavendier, datt een net wierklech vun engem Trend ka schwätzen, vu Joer zu Joer wier d'Unzuel un Asätz wéinst Vegetatiounsbränn beim CGDIS ganz variabel. 2021 a 2024 waren et ëm déi 30, dëst Joer schonn 190. Wichteg wier, d'Thematik ganzheetlech unzegoen. Ugefaange bei der Preventioun:

"Wéi kënne mer u sech verhënneren, dass et iwwerhaapt esouwäit kënnt, respektiv den Ausmooss vum Schued esouwäit et geet ze reduzéieren? Iergendwann eng Kéier ass een op der Limitt zur Machbarkeet, da muss ee soen, okay, mir mussen eis awer op Evenementer preparéieren, do si mer dann am Beräich vun der Virsuerg. Leider brennt et dann och iergendwann eng Kéier, da musse mer alt iergendwéi, esou gutt et geet, kënne reagéieren. An no den Evenementer wëlle mer natierlech och kucken, nees iergendwou souwuel de Bësch nees opzebauen respektiv d'Vegetatioun, déi dann iwwerhaapt betraff war an am beschte Fall natierlech och eppes aus der ganzer Geschicht ze léieren an eis fir d'Zukunft nees besser opzestellen."

De Gilles Lavendier huet an deem Kontext d'Wichtegkeet ervirgestrach vun der nationaler Plattform, déi et gëtt, fir de Risk vu Katastrophen ze reduzéieren. Do géif et e Grupp ginn, dee sech spezifesch ëm Vegetatiounsbränn këmmert. Vue datt d'Hallschent vun de Lëtzebuerger Bëscher a privater Hand sinn, war et dann och den Appell un d'Besëtzer, d'Leit weider ze sensibiliséieren.

D'Gefor, datt et zu Vegetatiounsbränn zu Lëtzebuerg kënnt, wier iwwerdeems am ganze Land nämmlecht, et géifen also keng Regioune ginn, déi méi engem Risk ausgesat sinn wéi anerer. Wat fir de CGDIS och heescht, datt se iwwerall musse kënnen intervenéieren, huet de Gilles Lavandier nach betount.

Back to Top
CIM LOGO