"Top-Up"-Aidë verlängertWat kritt ee vun Hëllefe fir energeetesch Renovatiounen?

RTL Lëtzebuerg
Um 1. Pressebriefing nom Regierungsrot huet de Luc Frieden eng Rei Klimamesurë vun der leschter Regierung verlängert, déi am Dezember sollten auslafen.

Concernéiert si Solaranlagen, Wäermepompelen an elektresch Autoen. D’Annick Goerens huet sech mam Thema beschäftegt an e puer Detailer rausgesicht. Virop, et ginn deemno keng nei Aiden, mä éischter Unzeechen, dass och ënner schwaarz-blo d’Klimapolitik net stoppe wäert. An effektiv kann een dat elo mol sou gesinn, op d’mannst bis Enn Juni.

Sechs Méint ginn déi sougenannt “Top-Up"-Aiden also verlängert. Dat sinn temporär Extra-Bäihëllefen, déi een zousätzlech zu den normalen Aiden, de Klimabonus-Aiden, nach krut. Dës Top-Up-Aiden hat déi lescht Regierung am Kader vum Tripartite-Accord, dem Solidaritéitspak, quasi als Krisemesurë geholl. Mir erënneren eis, dat war eng Zäit, wou ganz vill iwwer d’Energiepräisser diskutéiert gouf a wou Russland gedreet hat, de Gaskrunn komplett zouzemaachen. D’Leit sollten net just Energie spueren, mä och méi erneierbare Stroum produzéieren, fir manner ofhängeg ze sinn.

De Luc Frieden wëll mat dëser Verlängerung eng gewësse Previsibilitéit schafen an de Leit an de Betriber Planungssécherheet ginn. Déi nächst 6 Méint wëll d’Regierung dann notzen, fir d’Effikassitéit vun dëse Mesuren ze préiwen an eventuell op een anere System iwwerzegoen. Do kéint een zum Beispill un eng Stafflung vun Aiden denken. De Mouvement écologique hat rezent jo och kritiséiert, dass et e Réckschrëtt wier, fir dës Aiden auslafen ze loossen. Dat ass jo dann elo mol net méi de Fall, d’Aidë gi verlängert.

Wat heescht dat a Chifferen?

Déi sougenannten Top-Up-Hëllefe sinn:

  • fir eng Wäermepompel zum Beispill 20 Prozent méi Suen
  • fir eng Solaranlag 25 Prozent méi
  • a fir d’Renovatioun (dozou gehéieren och Fënsteren) 25% méi. Renovatioune ginn op de Meter Carré gerechent an et hänkt dovun of, wéi a wat isoléiert gëtt

Konkret bedeit dat, wann een all d’Aiden zesummerechent, dass d’Leit bis Enn Juni 2024 bis zu 62,5% vun de Käschte vun enger Photovoltaik-Anlag kënne subventionéiert kréien, wann ee bis dann en Devis dofir ënnerschreift.

Wie seng al Heizung duerch eng nohalteg Alternativ ersetzt, kritt bei de Subside vum Staat bis Enn Juni 50% bezuelt.

Um Site vun der Klima-Agence kann ee simuléieren, wéi vill Hëllefen ee fir säi Projet ka kréien. Do kann ee sech och direkt bei engem Beroder informéieren.

An da sinn effektiv och nach Primme fir elektresch Autoen a Vëloen, déi Enn Mäerz auslafe sollten, bis Enn Juni verlängert ginn.

Back to Top
CIM LOGO