En annuléierte Vol? E Retard mam Zuch? Oder e falscht Zëmmer am Hotel? Méiglech Problemer soll een direkt op der Plaz dokumentéieren. Zum Beispill och wann d’Gepäck um Flughafen net ukënnt. Och do gëllt et direkt eng “Décaration de perte ze maachen”.
De Christoph Neisius, Jurist beim CEC, informéiert, dass een Usproch huet op eng Entschiedegung, soubal een 3 Stonne méi spéit wéi virgesinn op der Destinatioun ukënnt. De Montant, deen ee kritt, hänkt vun der Dauer vum Vol of.
Bei Retarden oder Annulatiounen huet all Passagéier d’Recht op eng Entschiedegung, och wann ee keng spezifesch Auslandsversécherung huet.
Eng Entschiedegung kann ee prinzipiell selwer ufroen, dacks hunn d’Fluchgesellschaften dofir e Formulaire. Vill Leit di sech awer schwéier domadder. Och dowéinst huet de Centre européen des consommateurs d’Konferenz zu deem Sujet organiséiert.
Änlech Reegele gëlle fir d’Vakanze mam Zuch. Kënnt een iwwert eng Stonn méi spéit un, kann ee 25 Prozent vum Ticketspräis zeréckfroen, bei iwwer zwou Stonne sinn et 50 Prozent.
Bei Reese mat méi Transportmëttel wieren d’Rechter dogéint nach net ganz gekläert, esou d’Karin Basenach, Direktesch vum CEC.
Bei getrennte Buchunge kritt een nämlech keng Entschiedegung, wann een zum Beispill duerch eng Verspéidung vum Zuch de Fluch verpasst. Allgemeng réit den europäesche Konsumenteschutz, sech am Viraus genee ze informéieren, fir dass enger entspaanter Vakanz näischt am Wee steet.