Wat da genee fir d’Fransousen ännert a wat op der anerer Säit d’Haaptpiliere vum Lëtzebuerger System sinn, fannt Dir hei:
D’Haaptzil vun der franséischer Regierung ass et fir ze spueren. De Pensiounssystem ass defizitär. D’nächst Joer gëtt et Estimatiounen no en Defizit vun 10 Milliarden € oder méi. Iwwer vill Joren gekuckt, kéim do also e grousst Lach an der Pensiounskeess op d’Fransousen duer.
Dowéinst soll géigegesteiert ginn. D’Iddi ass, dass d’Leit méi laang schaffe ginn. Vun 2027 un soll et d’Reegel sinn, 43 Joer an d’Pensiounskeess anzebezuelen, fir déi voll Pensioun ze kréien. De legale Pensiounsalter geet vun 62 Joer op 64 Joer erop. Dat awer net an engem Coup, trotzdeem géifen d’Mesuren zimmlech direkt gräifen. Dat well de legale Pensiounsalter vum 1. September un all Joer progressiv an engem Rhythmus vun 3 Méint an d’Luucht géing goen.
2027 um Enn vun der Legislaturperiod sinn et dann 63 Joer an 3 Méint. Dat heescht fir vill Leit, dass se zimmlech direkt 3, 6, 9 Méint méi laang schaffe musse goen. Vun 2030 un wäert de Pensiounsalter a Frankräich da bei 64 Joer leien.
Dofir sollen Persoune mat laange Karriären awer protegéiert ginn. Leit déi ganz fréi ugefaangen hu mat schaffen, missten net méi laang ewéi 44 Joer schaffe goen, sot d’Premierministesch Elisabeth Borne. D’Mindestpensioun soll vun dësem Joer un op 1.200 € de Mount erop goen. Bekannt Spezial-Regimmer wéi zum Beispill bei der franséischer Bank sollen ofgeschaaft ginn.
D’Reform gëtt vill kritiséiert a Frankräich. D’Haaptargument vun de Géigner ass, dass se net gerecht wier.
Leit déi zum Beispill net concernéiert wären vun dëser Reform, sinn déi aktuell Pensionnairen. Et sinn och vill héich qualifizéiert Leit, déi souwisou méi spéit ugefaangen hu mat schaffen a bis 65 oder méi laang schaffe ginn.
D’Mëttelklass an déi wéineg qualifizéiert Persoune gi vun de Gewerkschaften als Verléierer vun der Reform ugesinn, well se fréi ugefaangen hu mat schaffen a lo awer méi laang musse goen.
Franséisch Frontalieren kréien hir Pensioun, oder jee nodeems en Deel vun hirer Pensioun hei zu Lëtzebuerg. Hei de Verglach, wat d’Haaptpilieren vum Lëtzebuerger Pensiounssystem sinn:
De legale Pensiounsalter läit bei 65 Joer, wann een op mannst 10 Joer geschafft huet.
Et kann een och éischter an d’Pensioun goen zum Beispill vu 57 Joer un, wann ee 40 Joer laang obligatoresch verséchert war.
Da gëtt et déi virgezunne Pensioun vu 60 Joer un. Hei kënnen déi 40 Joer déi ee geschafft misst hunn, och anescht zu staane kommen. Do ginn et eben sëllegen Facteuren déi individuell spillen. D’Joren, déi een tëscht sengem 18. an 27. Liewensjoer studéiert huet, kann ee sech urechnen loossen. Och d’Joren, an deenen ee seng Kanner groussgezunn huet, kënne beim Alter mat aberechent ginn.
Huelen mer d’Beispill vun enger Infirmière, déi mat 60 Joer an d’Pensioun wëll goen. Si war 32 Joer laang fest agestallt an huet cotiséiert. Dobäi kommen 8 Joer fir Erzéiung vun hiren zwee Kanner. Si däerf an d’Pensioun, muss awer och bedenken, dass déi 8 Joer an deenen si net cotiséiert huet, eppes beim Montant vun hirer Pensioun ausmaachen.
Hei zu Lëtzebuerg ginn et awer och Spezial-Regimmer an der Fonction Publique, virop fir Militär a Polizisten:
Déi gëlle just fir Beamten, déi virun 1999 agestallt goufen. Si kënnen ënner bestëmmte Konditioune scho mat 55 Joer an d’Pensioun goen. Polizisten zum Beispill, déi rezent ugefaangen hunn, kënnen dovun net méi profitéieren.
Da gëtt et zu Lëtzebuerg generell och d’Méiglechkeet vun der sougenannter Prepensioun. Dat ass éischter en Instrument vu Solidaritéit fir Entloossungen ze verhënneren, wann et engem Betrib net gutt geet oder aus anere Grënn. De Chef vun enger Entreprise kann engem eelere Salarié dat proposéieren.
De legale Pensiounsalter läit zu Lëtzebuerg also bei 65 Joer. Dat kléngt op den éischte Bléck méi streng ewéi och no der geplangter Reform bei eise franséischen Noperen. Ma vill Leit hei ginn awer éischter an d’Pensioun. Dat huet Traditioun zu Lëtzebuerg. Déi meescht Leit gi wäit viru 65 Joer an d’Pensioun. 2021 louch d’Moyenne, den Zuelen vun der Pensiounskeess no, bei ronn 60 Joer. Iwwerdeems goufen dat Joer net grad 3.200 Demande gemaach, fir d’Pensioun mat 65 Joer ze huelen. Dat géigeniwwer net grad 9.400, fir méi fréi an d’Pensioun ze goen. 2021 goufen iwwerdeems am Ganzen ronn 141.800 Alterspensiounen ausbezuelt.
Dee System ass op laang Dauer awer net ze droen. Dass vill Leit hei fréi hir Pensioun huelen, stéisst op Kritik.
Enger Etüd vun der OECD no, schaffen d’Lëtzebuerger net laang genuch. De Pensiounssystem misst dréngend reforméiert ginn. Soss misste méi spéit, déi jonk Leit vun haut déif an de Portmonni gräifen. Allgemeng gëtt gesot, dass d’Pensiounskeess nach bis 2032 e Polster huet, dono muss eng Reform gräifen – dat soen och déi Responsabel vun der Pensiounskeess.
Eng Erhéijung vun de Cotisatiounen, eng Kierzung vun de Prestatiounen oder aner Mesuren. Dat ass nach net kloer an do ass d’Politik gefuerdert.
“Grève nationale” Massiv Protester géint Pensiounsreform a Frankräich