FFP2-MaskenWat soll ech a wat soll ech net maachen?

Tim Morizet
Anescht ewéi d'Mask aus Stoff soll d'FFP2-Mask, déi jo mëttlerweil zum Deel an Däitschland an an Éisträich obligatoresch ass, net e puer Mol benotzt ginn.
© AFP

Well se awer relativ deier ass, ignoréiere vill Leit de Message. Hei soll een awer bei e puer Saachen oppassen.

Firwat sinn FFP2-Maske gutt?

De groussen Ënnerscheed par Rapport zu villen anere Masken ass d’Positioun. D’FFP2 läit méi no u Mond an Nues un a filtert dowéinst méi an och méi kleng Partikelen aus der Loft, wa se richteg ugedoen ass.

Dat méi dicht Material mécht et awer och méi schwéier fir ze ootmen. Besonnesch fir eeler Leit oder Kanner kann dat gesondheetlech Auswierkungen hunn. Dofir gëtt och vu villen Hiersteller geroden, d’Mask maximal 75 Minutten um Stéck unzedoen, mat enger Paus vun 30 Minutten dotëscht.

Fir Leit mat Baart, bréngt dës Zort vu Mask awer net ganz vill. D’Loft sicht beim an- an ausootmen den einfachste Wee, heescht duerch d’Hoer am Gesicht. D’Solutioun: sech raséieren, mä dat dierft net bei jidderengem gutt ukommen.

Solle FFP2-Masken e puer mol ugedoe ginn?

FFP2-Maske sinn och net dofir konzipéiert, fir e puer Mol ugedoen ze ginn, hunn awer eng Liewensdauer vun 8 Stonnen. Am Verglach: déi blo chirurgesch Masken hunn eng vun 3 Stonnen a sollten am Fong och just eng Kéier ugedoe ginn. D’Uewerfläch vun der Mask ass licht elektresch gelueden duerch d’Faser vum Stoff a filtert vun dohier d’Loft nach eng Kéier besser. Mä dës Luedung hëlt mat der Zäit of.

Dofir sollt een d’Mask och just eng Kéier undoen, mä bei engem Preis vun 3 bis 10 Euro d’Mask, ofhängeg vum Model, zéien d’Leit gäre méi Notzen aus der Schutzmesure. Experte roden awer dovunner of.

Op wat muss ech oppassen, wann ech FFP2-Masken awer e puer mol undinn?

Wann ee sech awer dofir decidéiert, d’Mask e puer Mol unzedoen, ginn et e puer einfach Saachen, op déi ee soll oppassen. Éischtens soll een ëmmer no senger eegener Mask gräifen an dës och net an der Famill tauschen. D’Erreeger aus der Nues a Mond attachéiere sech un d’Uewerfläch bannen a kënne just ganz schwéier dout gemaach ginn.

D’FFP2-Maske kënnen net gewäsch ginn, dofir kënne Knascht a Kierperflëssegkeeten net ewechgemaach ginn. Wann d’Masken awer desinfizéiert ginn, kënne se e puer Mol benotzt ginn. Der Etüd vun der Fachhéichschoul vu Münster no soll d’Mask awer net méi ewéi 5 Mol desinfizéiert ginn. A wa se bis fiicht ass, besonnesch bei deem Wieder dobaussen, soll se och net méi ugedoe ginn.

Fir d’Mask ze desinfizéiert, gëllt et d’Mask sëlwer an engem dréchene Raum fir eng Woch hänken ze loossen. D’Mask ka Studien no och bei 80 Grad erhëtzt ginn. Dat ass waarm genuch, fir de Virus ze eliminéieren. Dat soll een awer fir eng Stonn maachen, esou Experten. De Schäffchen ass hei recommandéiert, d’Mikrowell net. D’Hëtzt hei ass net reegelméisseg genuch, gëtt d’Mask ze waarm, entsti Schied, déi een heiansdo och net gesäit, ma d’Funktionalitéit schwächen.

Se am Lavabo mat Spull, respektiv Wäschmëttel wäschen, gëtt och net geroden. UV-Luucht bréngt d’Erreeger zwar ëm, mä just op der direkter Fläch, déi beliicht gëtt. Heescht d’Mask soll vu bannen a vu baussen desinfizéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO