
Huet déi méi restriktiv Immigratiounspolitik Auswierkungen dobaussen um Terrain? Spieren d’Associatiounen, déi an der Haaptstad schaffen, méi Drock oder méi Undrang? D’Annick Goerens war op der Stater Gare mam Service “à vos côtés” ënnerwee, fir de Bols ze fillen.
Zanter 2020 gëtt et den Service “à vos côtés”, dee vun der ASBL Inter-Actions an der Stad Lëtzebuerg en place gesat gouf. Hiert Zil ass et, d’Sécherheetsgefill vun de Leit ze stäerken, andeems si mat den Awunner wéi och de Geschäftsleit an de Sans-abrie schwätzen, am Fall vu Sträit schlichten an als Mediateur quasi funktionéieren. Déi méi restriktiv Lëtzebuerger Asylpolitik, mat Flüchtlingen, déi hir Zelter ënnert dem Pont Adolphe opgeschloen hunn, hätt bis ewell awer nach kee groussen Impakt op hir Aarbecht gehat, erkläert d’Virgine Giarmana vun Inter-Actions.
“Am Moment hu mer hei am Garer Quartier nach näischt gesinn. Mir hunn e puer Eenzelfäll vu Leit, déi eis gefrot hunn, fir Better oder fir Léisunge fir e Bett ze fannen, mä soss hu mer keen Impakt gesi vun deenen neie Reegelen.”
D’Sécherheet op der Stater Gare war och am Walkampf ëmmer nees e Sujet. D’Situatioun op der Stater Gare hätt sech weder verbessert nach verschlechtert, mä se géing sech eben permanent veränneren, erkläert de Christof Mann, Chargé de direction Affaires sociales an der Stad Lëtzebuerg.
“All Situatioun gëtt ëmmer anescht. Mir wëssen, dass mer verschidde Gruppen an der Stad, mir sinn eng europäesch Haaptstad, net kënne verschwannen doen. Dat ass kloer. Mä eist Zil ass, op der enger Säit ze verhënneren, dass d’Leit iwwer d’Moosse musse leiden duerch hir sozial Situatioun an op der anerer Säit probéiere mer, méiglechst ze verhënneren, dass d’Verhalen iwwer d’Sträng schléit an dann d’Leit, déi do wunnen a schaffen, stéiert.”
De Grand-Duché wier keng Insel an Europa. Mir géingen natierlech och d’Konsequenze vun de Kricher ze spiere kréien.
“Verschidde Kricher loosse Flüchtlinge optauchen. Mir huelen déi Leit op. Mir sinn an engem Kontext vun Aarmut och an Europa, déi sech och net grad verbessert. A wann dann iergendwou Mënschen a ganz Europa an op der ganzer Welt am Prinzip kënnen um GSM kucken, wéi gutt et de Lëtzebuerger geet, dann hu mer d’Situatioun, dass d’Leit heihin drängen a mir musse kucken, wéi mer kënne gemeinsam domat ëmgoen. Menger Meenung no brauch een dozou och Solidaritéit.”
Aktuell wier een an der selwechter Situatioun wéi all Hierscht kuerz virun der Wanteraktioun. Do kéimen ëmmer vill Leit aus dem Ausland, déi hei quasi iwwerwanteren, donieft hätt een d’Romaen, déi géinge biedele kommen. An dann déi souzesoe klassesch Sans-abrien an Drogenofhängeger, déi sech op der Strooss ophalen. D’Wieder géing d’Situatioun nach verhäerten, well d’Leit een Iwwerdaach sichen, well se net méi kënnen an de Park auswäichen. An do derbäi wieren eben elo och nach Flüchtlinge komm, sou erkläert de Christof Mann d’Situatioun.
Keng einfach Zäite fir d’Sozialaarbechter.