
A genee engem Joer hu mer schonn zwee Mol gewielt. Den 11. Juni 2023 sinn d’Gemengewalen an dann den 1. oder den 8. Oktober 2023 sinn d’Nationalwalen, iwwer den Datum wier ee sech an der Chamber wuel nach net eens. Wat steet am leschte Joer vun der blo-rout-grénger Koalitioun 2.0 dann nach um Programm, ausser Walkampf?
Fänke mer u mam Klassiker, en Dënschdeg den 11. Oktober ass den Etat de la Nation um Krautmaart. Do annoncéiert de Premier Xavier Bettel seng Prioritéite fir dat nächst Joer. Et leeft op minimum eng Stonn Discours eraus, dacks ouni vill Konkretes. Zum Beispill huet et dat lescht Joer geheescht, et wéilt een d’Steieren net an d’Luucht setzen oder et misst emol eng Etüd gemaach gi bis 2040, fir ze kucken, wéi d’Lëtzebuerger Industrie kann dekarboniséiert ginn. Dëst Joer gi sech virun allem Annoncen a puncto Steierentlaaschtunge fir Elengerzéier erwaart.
Den 30. November soll och den neie Prisong fir Untersuchungshäftlingen um Uerschterhaff mat 400 Plazen zu Suessem opgoen. Domat soll Schraasseg entlaascht ginn. Do sinn aktuell nämlech iwwer d’Hallschent vun de Prisonéier Untersuchungshäftlingen, fir genee ze sinn 300 Stéck. Dat si jo Leit, déi nach kee Prozess gemaach kruten oder déi nach op een Urteel waarden.
Da stinn elo iwwer d’Joer eng ganz Rei Gesetzprojeten um Programm vun der Chamber, déi eigentlech nach onbedéngt virun den nächste Wale gestëmmt gi sollen.
Dozou gehéiert dat ëmstriddent Agrargesetz, wat bei ville Bauere jo op keng Géigeléift stéisst. Domadder sollen nämlech notamment d’Zuel vum Véi pro Betrib op 200 limitéiert ginn, fir den Ammoniak, konkret also de Piff ze reduzéieren.
An der Santé bleift nach eng Rei op der Lee: virop de Gesetzprojet 8009 iwwer de Virage ambulatoire. Et geet ëm eng Dezentraliséierung vun de Spidolsaktivitéiten an d’Gesondheetsversuergung allgemeng (cf. Kardiologen zu Ettelbréck). Domadder sollen da kënnen Antenne vun de Spideeler uechter d’Land opgoen a wéi zum Beispill de Centre médical Potaschbierg zu Gréiwemaacher och IRMen ubidden, déi donieft vun der CNS rembourséiert ginn. Da soll zur gläicher Zäit e Gesetzprojet duerchgoen, mat deem nei Forme vu Cabinete kënne méiglech ginn an och d’Zesummenaarbecht tëscht Dokteren an paramedezinesche Personal méiglech mécht.
Bis déi nächst Legislaturperiod soll och de Gesetzprojet 7523 fir d’Schafe vun enger Medikamentenagence duerchgoen. Domadder kritt Lëtzebuerg eng eegen Agence fir Analysen a fir de Suivi vun de Medikamenter ze maachen.
Dann ass et d’Fro, wat mat der Impfflicht geschitt. De Staatsrot hat der Regierung jo refuséiert, een Avis ze ginn iwwer een Avant-Projet-de-Loi, deen nach net um Instanzewee ass. Doropshin hat d’Regierung dem Staatsrot e Bréif mat 42 konkrete Froen zu der Impfflicht geschéckt. D’Äntwerte vum Staatsrot sinn drop an drun, publizéiert ze ginn. Opgrond dovunner gëtt de Gesetzprojet geännert oder an da gëtt gekuckt, ob de Projet prioritär ass oder an den Tirang geluecht gëtt, fir wann e gebraucht gëtt.
Bis den 30. Oktober muss dann och een neit Covid-Gesetz hir, well dat aalt den Ament ofleeft.
Am Sport wäert de Gesetzprojet 7956 duerchgoen, mat deem de Bau vum Vëlodrome zu Munneref wäert organiséiert ginn. Och do waart een op den Avis vum Staatsrot an och de Congé sportif soll nach bis d’Enn vun dëser Legislatur mat engem Gesetz nei regléiert ginn.
Wat onbedéngt och nach bis d’Enn vun der Legislatur soll ëmgesat ginn, wat och e wichteg Punkt am Koalitiounsaccord war, ass d’Gratuitéit vun de Contraceptiffe an dat een, egal wéi engem Alter, spréch d’Pëll, Kondomer, Sterileten etc. sollen an Zukunft gratis ginn. Dat baséiert op enger Konventioun tëscht der Santé an der CNS.
A puncto Verdeedegung a bannenzegt Sécherheet stinn och eng Rei Projeten um Plang bis déi nächst Walen. D‘Arméi soll moderniséiert a reorganiséiert ginn. De Gesetzprojet iwwer d‘Police-Fichiere muss an och d‘Bodycams fir Policebeamte soll och nach onbedéngt duerchgoen.
Am Beräich vun der Famill soll d’Qualitéit vun den Altersheemer gesetzlech gereegelt ginn. Mam Gesetzprojet 7524 ginn nämlech Qualitéitskrittären definéiert, déi da gläichzäiteg och eng besser Kontroll erlaben an donieft gëtt Transparenz geschaaft a puncto Präisser.
Op d’Wirtschaft gekuckt, soll dat nächst Joer endlech eng Méiglechkeet geschaaft ginn, fir Sammelkloen anzereechen. Mam Gesetzprojet 7650 kënne sech da Konsumenten zesummendinn, fir zesumme géint Big Players unzegoen.
An der Justiz wäert definitiv den Gesetzprojet 7323 duerchgoen, mat deem e Justizrot geschaaft gëtt an e Statut fir d’Riichter agefouert gëtt. An da leien e ganze Koup Gesetzprojeten aus der Justiz beim Staatsrot an do ass et d’Fro, ob déi mat Zäit aviséiert sinn an dann nach bis Enn des Joers duerch de legislative Prozess kommen. Dorënner d’Reform vum Jugendschutz an dem Jugendstrofrecht, ASBL-Gesetz, Whistleblower-Gesetz, de Gesetzprojet Accès aux origines an d’Reform vum Prisongsgesetz vun 2018.
Am Logement goufe véier Gesetzprojeten an der Chamber deposéiert. Den PdL 7937 dréint ëm “Aide à la pierre”. Dat neit reforméiert Zil ass et also, fir abordabel Wunnengen ze schafen. Domadder ginn och Critèren opgestallt, fir eng Individualistatioun vun den Aiden. Zum Beispill gëtt dann de Revenu gekuckt, déi familiär Kompositioun an den sougenannten Taux d’effort, also wéi vill Prozent vun der Pai ginn drop. Konkret gëtt also domadder an Zukunft net méi vu Sozialwunnengen, mee vun abordabele Wunnenge geschwat an et ginn aner Critèrë gekuckt, fir esou ee Logement ze kréien. Spréch et kommen méi Leit an de Genoss vun där Hëllef.
An am Gesetzprojet 7642 gëtt d’Loyersgesetz (Mietgesetz / Bail à Loyer) reforméiert. D’Garantie locative soll vun 3 op 2 Méint erofgesat ginn. D’Frais d’Agence mussen an Zukunft net méi eleng vum Locataire, mä 50/50 mam Proprietär gedeelt ginn. An domadder soll och endlech d’Co-Locatioun definéiert ginn, déi domadder nei Wunnforme wéi zum Beispill WGe erlaabt.