
Den éischten Asaz war um kuerz virun 21 Auer zu Déifferdeng, wou ee Foussgänger ugestouss gi war. Nieft dem Samu vun Esch war och eng Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng op der Plaz, fir sech ëm de Blesséierten ze këmmeren.
Zwou Persounen hunn da missen ëm kierz virun 1 Auer an der Nuecht vun engem Samu zu Alzeng betreit ginn, nodeems ee Camion an een Auto net laanschtenee komm waren. Och Ambulanze vu Beetebuerg an aus der Stad waren am Asaz, fir sech ëm déi zwee Blesséiert ze këmmeren.
E Samschdeg den Owend hat et awer nach zwee weider Accidenter ginn, bei deene Leit blesséiert goufen. Zu Sir ass géint 19.15 Auer een Auto an eng Mauer gerannt an zu Éinen ass géint 20.30 Auer eng Camionnette ëmgekippt. A béide Fäll gouf eng Persoun blesséiert.