D'Police melltAwunner gëtt bei Iwwerfall zu Uewerkäerjeng mat Waff menacéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police e Sonndeg mellt, gouf et e Freideg den Owend een Iwwerfall an der Rue Nicolas Roth zu Uewerkäerjeng.
© Laurent Weber

Éischten Informatiounen no sollen dräi Männer un der Dier vun engem Eefamilljenhaus geschellt hunn an de Bewunner du mat enger Waff menacéiert hunn. Op dësem Wee vu si sech dräi Handyen an eng Smartwatch ergaunert.

D’Police huet direkt eng Sich no de Verdächtegen an d’Weeër geleet, ma och mat e puer Patrulle konnt si déi dräi Verdächteg net lokaliséieren. Et goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

Eng Festnam ass de Beamten allerdéngs e Samschdeg den Owend an der Stad gelongen, wou et een Déifstall op der Gare ginn hat. Éischten Informatiounen no waren zwou Persounen op ee Mann duergaangen an hunn d’Affer festgehalen. De Mann gouf dunn opgefuerdert, hinne säin Telefon ze ginn. D’Police konnt ee Verdächtegen am Kader vun enger Sich lokaliséieren an huet geklaute Wäertgéigestänn séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl a virun en Untersuchungsriichter bruecht.

Brigangen hunn nees eng Rei Autoen opgemaach

An de leschte Stonne gouf der Police dann och direkt e puermol gemellt, datt Wäertgéigestänn aus Autoe geklaut goufen. Esou zum Beispill e Samschdeg de Moien zu Rolleng, wou op engem Parking an der Rue du Vieux Moulin d’Fënstere vun e puer Autoen opgeschloe goufen, fir esou an d’Ween eran ze kommen.

An der Nuecht op e Sonndeg gouf der Police géint Mëtternuecht dann nach eng Persoun gemellt, déi probéiert huet an der Rue Elsy Jacobs zu Schuller een Auto ze knacken. Hei konnt de Verdächtege gestallt ginn an et gouf “Fremdennotiz” erstallt, mellt d’Police. Dëse Vermierk gëtt gemaach, wann eng Persoun aus engem Drëttland de Beamte kee gültegt Openthaltsdokument ka weisen.

Wéi Dir Ären Auto méiglecht sécher maache kënnt, kënnt Dir hei um Site vun der Police noliesen.

Back to Top
CIM LOGO