Sonndesinterview mat der Michèle Pütz"D'Diagnos Kriibs war ewéi eng Fauscht an d'Gesiicht"

Christophe Hochard
Schonn zweemol huet d'Michèle Pütz d'Diagnos Kriibs kritt. Als jonkt Meedche vun 10 Joer an am Joer 2024. De Courage an d'Freed um Liewen huet si awer ni verluer.

Et ass Donneschdeg, de 26. Mäerz. Ech hunn zu Diddeleng Rendez-vous mam Michèle Pütz. Hei wunnt si zesumme mat hirem Mann, dem Jong an dem Hond “Iceman” zanter iwwer engem gudde Joer. Si ass Spillschoulsjoffer vu Beruff a stécht voller Liewensfreed.

“Et war méi ewéi eng Erkältung”

D’Michèle Pütz huet 10 Joer, ass an der Bléi vun hirer Kandheet a genéisst onbeschwéiert hiert Liewe mat hirer Famill an de Frëndinnen. An d’Schoul geet si zu Esch, am Quartier Bruch an ass am 5. Schouljoer. Alles ganz normal fir e Kand an dem Alter.

Bis den Dag X, wou d’Michèle d’Diagnos Kriibs kritt: Lymphdrüsekriibs. Den Tumor gouf laang net entdeckt am Kierper. D’Elteren si mat hirem Meedche bei vill Doktere gaangen, bis et Kloerheet gouf.

“Ech hu mir als Kand ni doriwwer Gedanke gemaach, ob e Kand ka Kriibs kréien. Ech hat och kee Bezuch zu där Krankheet.”

Séier goung et dunn op Saarbrécken an d’Kannerklinik. An domadder war d’Liewe vun engem Moment op deen aneren net méi dat selwecht.

“Ech hu gekämpft. Meng Elteren hu mech extrem gutt opgefaangen. Si waren ëmmer bei mir. Si hu mir erkläert wat géif kommen. Si hu mir ni d’Gefill ginn, dass do eppes ganz schlëmm wär. Si hu mech ënnerstëtzt. Ech hunn all déi Operatiounen an d’Chimioe gemaach. Ech hunn alles dat mat duerchgemaach”.

“Ech hu bal kee Kontakt dierfen hunn”

Mat Frënn oder anere Kanner huet d’Michèle kee Kontakt dierfen hunn.

“Wa meng Bluttwäerter net gutt waren, hunn ech missen am Spidol bleiwen. Am anere Fall hunn ech dierften Heem. Duerno ass nees déi nächste Chimio komm.”

D’Meedche vun 10 Joer huet Chimio a Bestralunge kritt.

An d’Schoul konnt d’Michèle net méi goen. Am Ufank gouf probéiert, am Spidol Coursen nozehuelen. Dat war awer schlussendlech net méiglech. Am Spidol hat d’Michèle deen Ament keng Kolleegen. Si huet sech awer mat der Zäit do Frëndschaften opgebaut: “Dat war allerdéngs an der Isolatioun.”

Liewe mat der Diagnos Kriibs

D’Michèle huet sech wärend hirer Krankheet keng Suergen ëm hiert d’Liewe gemaach. Si huet sech op hir Eltere verlooss. “Ech weess elo vu mir aus, dass munchmol awer Gefiller vun Angscht do waren. Ech wousst net wat geschéie géif. Ech hat vill wéi. Meng Elteren an déi Leit, déi am Spidol geschafft hunn, hunn engem awer e gutt Gefill ginn”.

“Zréck an der Schoul, hunn d’Kanner mech quasi gefaart”

Duerch d’Chimio huet d’Michèle hir Hoer verluer. “Doduerch hunn ech méi krank ausgesinn. Duerch Kortison war ech opgelaf. Et huet ee mir ofgesinn, dass ech krank wär. Vill Kanner wollten net méi mat mir spillen. Si hu sech net méi mat mir ofginn”. 35 Joer méi spéit erzielt mir d’Michèle Pütz dëst nach mat ganz vill Emotiounen an der Stëmm.

Well d’Michèle vill Coursen am 5. Schouljoer verpasst hat, huet Si d’Joer doubléiert. “Ech hunn deemools vun den Doktere vermëttelt kritt, du bass elo erëm gesond, du mëss däi Liewe weider. Schwätz net vill vun denger Krankheet”.

Duerno huet d’Michèle hir Schoule fäerdeg gemaach an ass haut Spillschoulsjoffer. “Mäin Dramberuff”. Voller Freed erzielt Si mir dat wärend dem Interview. Hir Elteren hunn och am Enseignement geschafft. Hir Mamm war selwer och Spillschoulsjoffer. “Vu Klengem u wollt ech ëmmer mat Kanner schaffen. Ech sinn ëmmer bei meng Mamm an d’Klass kucke gaangen. Ech wollt ni eppes aneschtes léieren ewéi dat”.

D'Freed als Spillschoulsjoffer ze schaffen.

Bis de Januar 2024 huet d’Michèle Pütz hiert Liewe gelieft. Si schafft zu Recken un der Mess als Spillschoulsjoffer an huet e Bouf, de Lee.

“Diagnos war ewéi eng Fauscht an d’Gesitt”

D’Michèle hat an där Zäit méi dacks Probleemer mam Bauch. Dofir goung si dunn an d’Spidol. Dat huet sech dunn awer ëmmer no enger Zäit verbessert. “Ech hu laang gegleeft, dass alles guttaarteg wär, bis d’Resultater um Dësch loungen”, esou e ganzt emouvant d’Michèle. Diagnos: Daarmkriibs.

“Et huet mir de Buedem ewechgezunn. A mengem Fall ass dat ganzt vu menger Kandheet héich komm. Wou ech gemierkt hunn, du hues do awer net genuch verschafft. Vill Gedanken an Ängschten hunn do a mir geschlummert an déi sinn dunn eropkomm”.
En Tumor am Daarm gouf beim Michèle Pütz diagnostizéiert.

“Net doheem ze si war schrecklech. Och fir mäi Bouf. Deen hat grad Epreuve fir an de Lycée. A grad dann net doheem ze sinn”, sou déi jonk Fra a Mamm. “Mäi Mann a mäi Bouf hu mir immens Kraaft ginn. Mäi Mann huet däi ganz Zäit dem Lee alles erkläert. Him d’Angscht geholl. D’Frënn waren net frou iwwer dës Diagnos. Si ware vill traureg”.

Vun de Kanner aus hirer Schoulklass huet d’Schouljoffer Biller gemoolt kritt. Messagen a kleng Videoe geschéckt. Hir Spillschoulskanner ze gesinn, Schoul halen ze kënnen... dat huet dem Michèle terribel vill gefeelt. Vu Januar bis de Summer 2024 war si net méi zu Recken an der Schoul. Am September virun 2 Joer ass d’Michèle Pütz dunn nees hallefdaags schaffe gaangen.

D'Schoulkanner hunn dem Michèle Pütz vill gefeelt.

Mam Aarbechtsdokter kuckt déi 44 Joer jonk Fra elo wéi si weiderhi schaffe kann. “Et goufe méi Leit, déi soten, et géif ganz schwéier gi mat enger Klass, zemools mat deene ganz Klengen. Do war ech e bëssi rosen iwwer déi Ausso. Ech hunn awer elo gemierkt, et sinn awer gewëssen Erausfuerderungen déi schwéier sinn”.

“Et soll een net jugéiere, wat een net gesäit”

“Et geséit een net onbedéngt ob e Mënsch krank ass oder soss Suergen huet. Vill Leit hunn och behaapt, ech géif dach gutt ausgesinn. A Leit déi mech guer net kennen, hunn dacks guer kee Verständnis, wann ech fir eppes mol méi Zäit brauch”.

Dat mécht d’Michèle traureg a si mécht sech hir Gedanken doriwwer.

D’Michèle Pütz well elo aus allem dat Bescht maachen. D’Liewe genéissen, sech méi Zäit fir Klengegkeeten huelen. A virun allem laang Tier mam Mupp “Iceman” maachen.

Back to Top
CIM LOGO