
D'Gemengen sollen zukunfts-fit gemaach ginn! Dat huet d'Inneministesch Taina Bofferding e Mëttwoch de Moie bei der Presentatioun vun de Changementer am Gemengesecteur betount. Zesumme mam Syvicol, der FGFC an dem Landesverband, konnt ee sech op d'Ëmsetzung vum Accord salarial aus der Fonction publique fir de Gemengesecteur eenegen. Donieft goufen awer och aner Mesuren presentéiert.