Mat Wandspëtzte vun iwwer 100 Kilometer an der Stonn. Dowéinst gouf d'Schëfflenger Kavalkad ofgesot an a ville Gemenge war och kee Buergbrennen.
D'Gefor, dass eppes geschitt, wär ze grouss gewiescht. Anerer konnten den Risiko op hirer Manifestatioun aschätzen an hunn dofir decidéiert, d'Buerge wéi geplangt ze brennen.
Mee wéi ass et do a Saache Versécherung, wann awer eppes geschitt. Respektiv wie kënnt fir d'Onkäschten op, wann en Evenement wéinst dem Wieder muss annuléiert ginn?