Oniwwersiichtlech ass d'Situatioun den Ament am Gemengerot zu Biissen.
Nodeems zwee Membere vun der CSV-Fraktioun, dorënner de Buergermeeschter, hir Parteikaart ofginn hunn, ass d'Majoritéit gekippt. RTL-Informatiounen no soll an den nächste Stonne decidéiert ginn, wéi et weidergeet.
Mee wat seet d'Gesetz iwwerhaapt an esou Fäll? Kann zum Beispill de Buergermeeschter einfach soen, ech bleiwen am Amt? RTL huet nogefrot.