
Eigentlech 1083 als Abtei gegrënnt, gouf se am Laf vun der Zäit e puer Mol zerstéiert an ëmmer erëm opgebaut. Vu 1602 u waren d’Benediktiner-Mënchen dran, éier se wärend der Franséischer Revolutioun d’éischt als Bürosgebai, dann als Spidol a schlussendlech als Prisong genotzt gouf.
Wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich war d’Abtei e Prisong fir Krichsgefaangener. Ënnert hinnen och de jonke Marcel Jullian, deen nëmme knapp enger Hiriichtung entkoum a vun der Guttmiddegkeet vun engem Däitsche Wuechtzaldot profitéiert huet, deen him gesot huet, datt d’Dier op wier. Ëmsou besser fir déi franséisch Kultur, well den Zaldot spéider als berüümte franséischen Auteur Karriär gemaach huet. De Marcel Jullian huet ënnert anerem d’Dréibuch fir “La grande vadrouille” geschriwwen, engem vun den erfollegräichste Filmer vum franséische Kino. Zu sengen Éiere gouf d’Entrée vun der Abtei “Agora Marcel Jullian” benannt.

Bis 1970 gouf d’Abtei als Prisong genotzt, obwuel d’Zoustänn katastrophal waren, wat zu ëmmer méi Revolte gefouert huet. Nodeems de Prisong 1985 zougemaach gouf, gouf laang iwwer déi zukünfteg Notzung vum Gebai diskutéiert. Bis sech schlussendlech op e Kulturzenter gëeenegt gouf.
Zanter der Ouverture 2004 ginn et an der Abtei Neimënster Kënschtlerresidenzen, Ausstellungen, Konferenzen an Evenementer. De Marcel Jullian war deemools selwer bei der Ouverture dobäi an huet gesinn, wéi seng fréier Zell zu enger Plaz fir Kreativitéit a Fräiheet ginn ass.
Méi Detail zu der mouvementéierter Geschicht vun der Abtei Neimënster fannt Dir am Reportage vun eise Kolleege vum RTL Infos.
