De ganzen Dezember wier mat senge Chrëschtdeeg eng relativ stresseg Zäit, vill méi Commandë wéi de Rescht vum Joer an och méi Clientèle am Geschäft. Eng Zäit, wou jiddereen aus dem Betrib gebraucht gëtt. De Chris Meisch war kuerz viru Silvester bei en Traiteur de Bols fillen.
Hellegowend, Chrëschtdag a Stiefesdag sinn dräi Deeg, un deene gäre vill giess a gedronk gëtt. Deeg, un deenen a ville Betriber vill preparéiert a geschafft gëtt. Beim Traiteur ass et net anescht. Och elo no de Feierdeeg ass et nach laang net eriwwer mam Geschaffs. Fir Silvester mussen nei Menüe geplangt, Commandë preparéiert an d’Théik mat villen Delikatesse gefëllt ginn. Um Enn vum Joer wéilte vill Clientë sech nach eng kéier eng Freed maachen, sou de Christian Kaempff, stellvertriedenden Direkter vun engem Traiteursbuttek. Eng Zäit, an där all Mataarbechter am Asaz ass.
“Et ass schonn eng relativ intensiv Zäit, well mir einfach vill méi Aarbechtsvolume hunn, mir hu méi Commanden an doduerch gëtt et e bëssi méi en Drock op dat ganzt Personal, mee si kennen dat schonn zanter sou ville Joren a si maachen et all Joer nees mat Freed, well et all Joer anescht ass a spannend ass.”
Fir d’Chrëschtdeeg wier virun allem Dinde, Gigue de Chevreuil a Mignon de veau vill kaf gi beim Traiteur. Elo fir Silvester géingen d’Leit éischter méi gesellschaftlech Plate kafen, wou ee manner muss selwer preparéieren, wéi zum Beispill Raclette, e Kéisplateau oder kale Buffet. Do si vill Preparatiounen ze maache fir d’Sonja Zimmerman, Responsabel vun engem Traiteursbuttek, déi sech trotz der viller Aarbecht, op d’Clientë freet.
“On les attend avec nos corbeilles, parce qu’on fait aussi des corbeilles personalisées pour les gens qui veulent offrir des cadeaux. Nous avons hate que les gens viennent nous voir nombreux et on sera là pour les servir.”
D’Preparatioune fir d’Feierdeeg um Enn vum Joer fänke beim Traiteur ewell 2 Méint am viraus un. D’Ekipp gouf ofgestëmmt, d’Fournisseure virgewarnt. De Guill Kaempff, Direkter vun engem Traiteursbuttek, mierkt, dass de Choix vun de Clientë mat de Joren ëmmer méi spezifesch gëtt. Trotz de ville Luxus-Produiten hei, géing ee bei de Leit awer eng gewëssen Zréckhalung a Punkto Depensë feststellen.
“An do profitéiere mir da fir eis nach kuerzfristeg ze reapprovisionéieren. Wéi bei Trüffen an esou Saachen, wou et heiansdo schwéier ass, well et ganz frësch Produite sinn, déi sech just e puer Deeg halen, fir do déi richteg Quantitéit ze kafen. Och den Trend, dat hänkt vill vun de Rezepter of, déi eraus sinn.”
Bis 16 Auer konnte sech d’Leit nach mat Delikatesse fir den Owend andecken.