
Déi islännesch Premierministesch war e Mëttwoch fir eng offiziell Visitt am Grand-Duché.
Den EM-Qualifikatiounsmatch e Freideg den Owend dierft awer dat Eenzegt sinn, dat tëscht béide Länner steet. An der Educatioun an am Filmsecteur sollen d’Relatioune verdéift ginn a béid Länner deelen déi selwecht Wäerter.
Lëtzebuerg an Island wëllen en Europa, dat staark, gréng, sécher a kompetitiv ass an dat op Mënscherechter, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet baséiert. Wäerter, déi net iwwerall op der Welt gelieft ginn, wéi déi islännesch Regierungscheffin Katrin Jakobsdottir ënnersträicht: “Mir gesinn e Réckgang vun der Demokratie ronderëm d’Welt an och vun de Mënscherechter. Et ass immens wichteg, sech domadder auserneen ze setzen.”
D’Visitt vun der Katrin Jakobsdottir ass déi éischt vun enger islännescher Regierungscheffin am Grand-Duché zanter 2008 a se dierft net just déi kleng islännesch Communautéit zu Lëtzebuerg intresséieren, mä och déi ronn 40 Lëtzebuerger, déi an Island liewen.
Am Beräich vun der Aviatioun hu béid Länner eng Verbindung, un déi wuel net just de Premier Xavier Bettel sech erënnert:
“Ech gehéieren zu enger Generatioun, déi sech nach un déi Zäit kann erënneren, wéi Island déi bëllegst Méiglechkeet war fir an d’USA ze reesen. Vill Leit aus Lëtzebuerg hunn d’Icelandair kannt. Si vu Lëtzebuerg op de Flughafe Keflavik geflunn, fir vun do aus weider an d’USA ze fléien.”
Un enger gemeinsamer Geschicht an anere Beräicher gëtt geschafft. An der Educatioun hunn d’Universitéiten eng Lettre d’intention fir en Austausch ënnerschriwwen. Am Filmsecteur gëtt en Accord ausgeschafft, dee Koproduktiounen tëschent béide Länner méiglech mécht.
D’Relatiounen tëscht béide Länner wiere ganz gutt, seet de Premier, och wa se e Freideg den Owend op d’Prouf gestallt ginn.
“D’Katrin Jakobsdottir ënnerstëtzt hir Fussballekipp, mä gleeft mer, dat wäert näischt hëllefen. Deen eenzege Problem, dee mer hunn, datt ass de Futtballmatch e Freideg, mä fir de Rescht si mer nach ëmmer Frënn.”
E Match, bei deem béid Regierungscheffen allerdéngs net zesummen op der Tribün sëtzen. D’Katrin Jakobsdottir gesäit en Donneschdeg kuerz déi islännesch Ekipp, ier et dann nees heem geet, wou d’Zäite wéinst der Rentrée am Parlament déi aner Woch, grad bësse méi hektesch wieren.