VisupolWéi effikass sinn d'Stater Iwwerwaachungskameraen?

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeem am Gaang sinn 14 nei Iwwerwaachungskameraen um Stadgebitt installéiert ze ginn, ass et natierlech d'Fro no der Effikassitéit vun dëse Biller.

Dat freet den Deputéierten Sven Clement vun de Piraten och den zoustännegen Minister fir bannenzeg Sécherheet François Bausch an enger parlamentarescher Fro.

D'Zuelen vu Leit, déi an engem "flagrant délit" duerch d'Kamerae konnten interpelléiert ginn, schwätze fir sech: dëst waren zejoert 3 Fäll, 2017 waren et der 7.

Aner Chiffere mat méi Succès: duerch Enregistrementer vum Visupol-System konnten dës Biller an 175 Fäll an enger Geriichts-Affaire genotzt ginn: dëst war zum Beispill de Fall bei Fahrerflucht, Vandalissem, Vol oder Kierperverletzung.

De Minister präziséiert och, datt d'Kameraen esou installéiert sinn, datt se net an Haiser oder Butteker kënnen "erakucken", kloer ginn awer d'Trëttoiren gefilmt.

D'Präzisioun zielt, datt nëmme Biller vu speziell ausgebilte Leit visualiséiert ginn - fir dee Service gëllt e strikten Accès, dee streng limitéiert ass.

Den Ament ginn et eng 125 Surveillance-Kameraen an der Stad, wouvunner der 67 permanent am Asaz sinn.

D'Efficacitéit vun de Visupol-Kamerae gëtt fir den Ament am Optrag vun der IGP an enger Etude ënnersicht.

Back to Top
CIM LOGO