Elo ass hei d'Stad Lëtzebuerg an net de Staat Bauhär, an awer schéngt et, wéi wann esou grouss Infrastruktur-Projete systematesch méi deier géinge ginn, wéi uganks geplangt.
Nordstrooss
D'Nordstrooss ass wuel dee bekanntsten Infrastrukturprojet vum Land. Am éischte Gesetz vun 1997 war e mat knapp 370 Milliounen Euro ugesat. Um Enn sollten déi 31 Kilometer Autobunn mat 4 Tunnelle 655 Milliounen Euro kaschten. Dat si ganzer 78 Prozent méi wéi geplangt. Och bei der Durée gouf sech nawell béis verschat. Aus geplangten 8 Joer goufen et der ganzer 18. Domat ass d'Nordstrooss deen deiersten a warscheinlech och längste Chantier aus de leschte Joerzéngten.
Europäesche Geriichtshaff
Den zweetdeierste Projet ass zwar nëmmen 20 Prozent méi deier gi wéi geduecht, ma huet de Staat stolzer 410 Milliounen Euro kascht. Rieds geet vun der leschter Extensioun vum Europäesche Geriichtshaff. Hei sief awer erwäänt, dass d'Cour de Justice d'Gebai lount an de Lëtzebuerger Staat deemno all Joer Loyer fir d'Gebai um Kierchbierg kritt.
Saarautobunn
En deieren a virop laangwieregen Dossier ass dee vun der Saarautobunn. No villem Hin an Hier an deem engen oder anere Besuch viru Geriicht mam Proprietär vun 10 strategesch wichteg geleeënen Hektar, kënnt d'Schnellstrooss op Plaz 3 vun eisem klengen inoffizielle Ranking. Vun uganks 243 Milliounen ass de Budget iwwert d'Joren op 326 Milliounen Euro geklommen. Dat ass eng Hausse vu ronn 34 Prozent. E lescht Urteel steet iwwerdeems nach aus. Bis dohi bleift d'Opfaart Fréiseng weider zou.
Mudam
E Star-Architekt, eng al Festung a ganz besonnesch Steng... E Mix, deen zu engem 7 Joer-laange-Chantier an enger Rechnung vun 88 Milliounen Euro gefouert huet. Dobäi eraus koum de Pei Musée oder de Mudam, wéi en haut genannt gëtt. E Musée fir modern Konscht, dee gutt e Véierel méi deier gouf, wéi geplangt.
Coque
Fir gréisser Diskussiounen hat och d'Renovatioun vun der Coque gesuergt. Hei gouf den initiale Budget ëm méi wéi 60 Prozent depasséiert. 62 Milliounen Euro ware geplangt. 101 Milliounen huet de Steierzueler um Enn misse berappen.
Cité judiciaire
Um Helleg-Geescht-Plateau ass Ufank den 2000er Joren e weideren ëmstriddene Projet entaméiert ginn. D'Cité judiciaire war mat engem Budget vun 98 Milliounen Euro ugesat ginn a sollt um Enn gutt een Drëttel méi kaschten. Gréisst Kritik, nieft der Architektur vun de Gebaier, war, dass de Site vill ze kleng wier an d'Geriicht op där Plaz net kéint wuessen.
Fir den zoustännege Minister François Bausch gëtt et eng kloer Erklärung fir dës Depassementer:
„Dat huet dann och domat ze dinn, well déi Projeten am Fong deposéiert gi sinn op engem Stadium vun engem Avant-Projet Sommaire ganz oft. Dat heescht, wou am Fong nach guer net am Detail studéiert war. Elo kann een doriwwer diskutéieren, ob dat net och déi Zäit vläicht politesch gewollt war. Well wann ech op Niveau Avant-Projet Sommaire e Gesetz deposéieren, dat heescht, wann ech da soen, den Deputéierten oder der Politik: ma et kascht 100 Milliounen, an an der Realitéit kascht et 180 Milliounen. Da gëtt d'Pëll besser geschléckt, well de Käschtepunkt erofgespillt ass an da kréien ech et politesch och besser duerch. Mä dat geet haut net méi."
An Tëschenzäit goufen d'Kontabilitéitsgesetz reforméiert an nei Kontrollmechanismen agefouert. Dem François Bausch no géif ee Projeten haut an der Reegel ënnert dem fixéierte Budget oder mat maximal 5 Prozent Surplus ofschléissen.