Déi Gréng an der KrisWéi geet et an der Partei an an der Regierung weider?

RTL Lëtzebuerg
Déi Gréng sinn an der Kris an elo gëllt et aus där erauszekommen.
VIDEO: Déi Gréng an der Kris
Déi Gréng hunn direkt op e puer Chantiere vill ze dinn. D'Stëmmung virun der Partei-Versammlung war dofir och éischter ugespaant.

Iwwerdeems zu Déifferdeng iwwert d'Successioun vum Roberto Traversini entscheet gëtt, war en Dënschdeg den Owend och d'Partei-Leedung beieneen, fir eng Decisioun ze fannen, wéi et bei deene Grénge weidergeet a wéi et an der Regierung weider geet, no de gesondheetleche Problemer vum Félix Braz.

Den Doud vum Camille Gira an de schwéieren Häerzinfarkt vum Félix Braz. Dobäi kënnt d'Justiz-Affär zu Déifferdeng mat engem grénge Buergermeeschter, dem Roberto Traversini, am Mëttelpunkt. Eng Affär déi dem Image vun der Partei sécherlech geschuet huet.

D'Stëmmung virun der Versammlung war dofir och éischter ugespaant.

Si wëlle sech en Dënschdeg den Owend virun allem eens ginn, wien d'Successioun vum Félix Braz hëlt. Respektiv op d'Ministerposten esou verdeelt ginn, ewéi am Virfeld schonn diskutéiert gouf. D'Sam Tanson géif d'Justiz iwwerhuelen an d'Josée Lorsché géif an d'Regierung noréckelen an de schwierege Ressort Logement kréien.

Fir dee Poste kënnt de Roberto Traversini jo definitiv net méi a Fro. Hien ass awer nach Deputéierten an der Chamber. Nom Skandal zu Déifferdeng dierft seng Persoun awer och nach eng Kéier diskutéiert ginn.

De Roberto Traversini war e Freideg an der Suitte vun der Affär ëm een Haus, dat hie geierft hat an ëm ee Gaardenhaischen, vu sengem Posten als Buergermeeschter zeréckgetrueden. Wéi d'Wort um Mëttwoch de Moie schreift, hätt hien antëscht och vu sengem Posten als President vum Verwaltungsrot vum CIGL demissionéiert.

Den Exekutivcomité vun déi Gréng huet decidéiert en Dënschdeg den Owend net iwwert d'Nimm ze schwätzen, esou och d'Djuna Bernard am RTL-Interview, elo wär den Timing fir d'Partei emol am Wichtegsten.

Dofir war e Mëttwoch de Moien um 11 Auer op der selwechter Plaz, also um Helleggeescht-Plateau eng Pressekonferenz ugesat.

Déi Gréng: Den 3. Oktober ass e Kongress

An der Affär Traversini géifen d'Ermëttlungen elo lafen, hei géif et keen neie Moment ginn, d'Justiz misst elo mol hir Aarbecht maachen, esou nach d'Parteipresidentin.

Back to Top
CIM LOGO