Alleréischten InterviewWéi geet et de jonke Flüchtlinge vu Munzen?

RTL Lëtzebuerg
De 15. Abrëll zejoert koumen 12 Mannerjäreger aus griichesche Refugiécampen op Lëtzebuerg.
Wéi geet et de jonke Flüchtlinge vu Munzen?
De 15. Abrëll zejoert koumen 12 Mannerjäreger aus griichesche Refugiécampen op Lëtzebuerg.

Eng Première fir de Grand Duché an och fir d'Caritas, déi sech zënterhier em déi Jonk këmmert an d'Tutelle huet. 8 Educateure suerge fir eng Betreiung ronderëm d'Auer vun de Mannerjäregen an engem Foyer zu Munzen.

Entretemps hu se gutt Franséisch an och e bësse Lëtzebuergesch geleiert. Wéi geet et dëse Jugendlechen tëscht 12 a 17 Joer, déi ouni hir Elteren aus hiren Heemechtslänner Afghanistan a Syrien hu misste fort an op hirer laanger Rees vill erlieft hunn.

Wéi leeft hiren Alldag an dëser neier Gemeinschaft, enger Zort WG, of? Wéi hu se hiert éischt Schouljoer a Lëtzebuerger Schoulen erlieft a wéi d'Pandemie sou wäit fort vun doheem, vu Frënn a Famill? A wéi stelle si sech hir Zukunft vir. Am Reportage komme si eng éischte Kéier zu Wuert.

Back to Top
CIM LOGO