StolindustrieWéi geet et weider mat Liberty Steel zu Diddeleng?

RTL Lëtzebuerg
Villes dierft dovunner ofhänken, ob déi zwee Schwëster-Sittë beim belsche Léck liquidéiert ginn, Diddeleng ass staark vun dëse Standuerter ofhängeg.
© RTL Archiv

Do gëtt nach op e belscht Geriichtsurteel gewaart, wat Enn dës Mounts soll kommen. Do gëtt tranchéiert, ob de Plan de réorganisatioun definitiv verworf gëtt.

Op alle Fall ass d‘Zukunft vum Diddelenger Site ongewëss et bleift e komplizéierten Dossier, gouf en Donneschdeg de Moien an der parlamentarescher Wirtschaftskommissioun constatéiert.

“Et ass ëm Diddeleng net vill besser gestallt. D’Situatioun gëtt ëmmer méi brenzeleg. Mir sinn awer do weiderhin an enkem Kontakt mat de Gewerkschaften, fir drop hin ze schaffen, datt mer dee Site kënne retten, Aktivitéite kënnen dohalen an och d’Leit an der Beschäftegung halen. Et ass e komplizéierten Dossier, wou sech awer elo munches beweegt”, esou den Ekonomiesminister Franz Fayot.

Scho méi laang wier kloer, datt ee mam aktuelle President vu Liberty Steel, Sanjeev Gupta, keng Zukunft huet, esou de Franz Fayot. Et wier villes versprach, awer näischt gehale ginn. Et wier een dofir am Gaang, no engem Repreneur ze siche fir de Site Diddeleng, sou nach den LSAP-Minister.

Bei Liberty Steel Diddeleng schaffe ronn 220 Mataarbechter. D‘Installatiounen zu Diddeleng waren 2019 vun Arcelor Mittal ofkaaft ginn.

RTL News: Faillite vu Liberty Steel an der Belsch gëtt ëmmer méi probabel

Back to Top
CIM LOGO