Rodange setzt op TramsschinnenWéi gesäit d'Zukunft vun de Stolsitten zu Lëtzebuerg aus?

Jeannot Ries
Schonn e puer Mol Dout gesot, huet d'Wierk vu Rodange, och Dank dem Bau vum Lëtzebuerger Tram, en 3. a 4. Otem fonnt.
Rodange setzt op Tramsschinnen
Schonn e puer Mol Dout gesot, huet d’Wierk vu Rodange, och Dank dem Bau vum Lëtzebuerger Tram, en 3. a 4. Otem fonnt.

Wéi gesäit d’Zukunft vun de Stolsitten hei zu Lëtzebuerg aus? Enn Januar gouf en neien Tripartitesaccord ënnerschriwwen. 536 Plaze sollen ofgebaut ginn, ArcelorMittal huet sech awer och engagéiert bis 2050, tëscht 165 an 205 Milliounen Euro zu Lëtzebuerg z’investéieren. Bis 2030 sollen d’CO2-Emissiounen ëm 30% reduzéiert ginn. Dofir ass beispillsweis fir d’Wierk vu Rodange eng Biogasanlag geplangt. Dat ass och net dat eenzegt Investissement, mat deem d’Zukunft vum Site Rodange mëttelfristeg ofgeséchert gëtt.

Et huet scho Symbol-Charakter: Leien um Kierchbierg gréisstendeels Schinne vu “British Steel”, sou goufen an der Neier Avenue, laanscht den historesche Sëtz vun der Arbed, Schinne “Made in Luxembourg” geluecht, méi präzis, aus dem Wierk vu Rodange.

Schonn e puer Mol dout gesot, huet d’Wierk vu Rodange, och Dank dem Bau vum Lëtzebuerger Tram, en 3. a 4. Otem fonnt. Hei schaffen den Ament nach eng 250 Mataarbechter, op hallef Touren, 10 Schichten d’Woch. Fréier hunn hei emol iwwer 5.000 Stolaarbechter hiert Brout verdéngt.

Tramsschinne sinn um weltwäite Stolmaart en Nische-Produkt. Zu Rodange, kéinten se awer ëmmer méi, eng wichteg Roll spillen.

Am Wierk vu Rodange baut een op Flexibilitéit. 200 verschidde Profiller. Et produzéiert een kleng Lousen an et setzt een op Qualitéit. Investéiert gouf dofir an e Laser, deen de Walzwierker wichteg Informatioune gëtt, wat hir Produkter ubelaangt.

Amplaz al Halen ofzerappen, gëtt den Ament renovéiert. Do wou mol 500.000 Tonne Bëtongsstoll d’Joer gewalzt gouf, wäerte geschwënn Tramsschinnen transforméiert ginn. Vum Schneiden, Béien, iwwer Lächer bueren, usträichen, bis Pré-Assamblage. Also nei Aktivitéiten, frëschen Otem fir de Site Rodange.

Back to Top
CIM LOGO