"Hôtel des Postes" schonn 2 Joer eidelWéi gesäit et am Moment dobannen aus? A wat geschitt elo mam Gebai?

RTL Lëtzebuerg
D’aalt Post-Gebai um Aldringer ass nach ëmmer e Stéck Lëtzebuerger Geschicht. Mä zënter zwee Joer steet et eidel.
En Hotel an dat aalt Post-Gebai um Hamilius?
D’aalt Post-Gebai um Aldringer ass nach ëmmer e Stéck Lëtzebuerger Geschicht. Mä zënter zwee Joer steet et eidel. Ma et gëtt Pläng fir dat historescht Gebai.

Et gëtt geschleeft. Gebaggert. Gehummert. D’Aarbechten um Centre Royal-Hamilius sinn nach ëmmer voll am Gaang.

Mä een historescht Gebai steet nach onverännert do: Den alen Hôtel des Postes. Zënter zwee Joer steet d’Gebai mëttlerweil eidel.

2017 ass d’Generaldirektioun vun der Post awer an den Neibau Mercier am Quarer Quartier geplënnert, fir déi eenzel Verwaltunge besser op enger Plaz zesummenzebréngen. Dat awer och nëmme provisoresch. An dräi Joer wëll een an en neit Gebai an der Rue d’Épernay direkt dernieft plënneren, wou och schonns dat aalt Gebai, wat ofgerappt gëtt, der Post gehéiert. D’Post Lëtzebuerg, déi nach ëmmer Proprietär vum Gebai ass, suergt duerch verschidde Mesurë wéi reegelméissegt Hëtzen dofir, dass d’Gebai net zerfält.

Den Entworf vum belschen Ëmwelt-Architekt Vincent Callebaut am Kader vun engem 2015 lancéierte Concours hat nei modern Restauranten, Büroen a Wunnengen am Gebai virgesinn. Dat alles an engem Design mat vill Grénges an enger grousser Glaskuppel. Mä och dee Plang misst wéinst ze groussen Dimensiounen a Sécherheetsbedenke verworf ginn.

Am Moment diskutéieren d’Post an d’Stad Lëtzebuerg zesummen d’Iddi fir en Hotel aus dem historesche Post-Gebai ze maachen. E Guichet vun der Post soll weiderhin dozougehéieren. Méi konkret Pläng sollen an deenen nächste Méint beschwat ginn.

Back to Top
CIM LOGO