
Ënnert anerem dat wollt den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten an enger parlamentarescher Fro wëssen. Äntwerten an Explikatioune ginn et vum Wirtschaftsminister Franz Fayot an der Finanzministesch Yuriko Backes.
Fir d’Inflatioun zu Lëtzebuerg am Detail kënnen z’analyséieren, erënneren d’Finanzministesch an de Wirtschaftsminister virop drun, datt d’Präisvariatioune vun all den ekonomeschen Aspekter analyséiert ginn an net just d’Präisser vum nationale Konsum. Zejoert sinn an deem Kontext virun allem d’Präishaussen op Importer an d’Gewiicht gefall, mä och d’Kontributioun vun de Salairen, déi zu Lëtzebuerg e gutt Stéck méi héich louche wéi an der Eurozon. De Franz Fayot an d’Yuriko Backes betounen donieft, datt ee präziséiere misst, datt et sech hei just em provisoresch Donnéeë géif handelen an dës virun allem op Estimatioune baséieren.
Zu de Resultater vun de Banken erkläre béid Ministeren, datt d’CSSF d’Hausse vun der Marge am 1. Trimester vu 66 % par rapport zu der selwechter Period zejoert duerch déi allgemeng Hausse op den Zënse begrënnt. Et misst een dëst awer a Perspektiv setzen: an de leschte 15 Joer hätt d’Rentabilitéit vun de Banken zu Lëtzebuerg en historeschen Déif erlieft. D’sanitär Kris hätt déi Situatioun nach verschlechtert. En indirekten Impakt hätten dann och nach d’geopolitesch Tensiounengehat. Béid Ministeren ënnersträichen dann nach, datt d’europäesch Zentralbank d’Rentabilitéit vun de Banke verstäerkt am Ae behält, fir d’Stabilitéit an d’Resilienz vum Bankesystem an der Eurozon ze garantéieren. Och wann de Gros vun de Banken an der Eurozon vun der Hausse vun de Margë profitéiert hätt, hätten och d’Onsécherheeten, wat d’Perspektive vun der Rentabilitéit betrëfft, zougeholl.