
Zënter e puer Méint ginn et zu Lëtzebuerg eng Rei Butteker déi Produiten aus Cannabidiol, kuerz CBD. Dat ass e Cannabinoid aus der Cannabisplanz, huet am Contraire zum THC keng psychoaktiv Wierkung an ass aus deem Grond och legal zu Lëtzebuerg. De CBD fënnt een a Produiten wéi Ueleg, Crèmen, Téi oder och nach a Shampoing.
Ma sinn dës Produite konform mam Gesetz iwwert d'Liewensmëttelsécherheet a ginn d'Geschäfter, déi se verkafen kontrolléiert?
Ënnert anerem dat well den CSV Deputéierten Emile Eicher an enger parlamentarescher Fro wëssen.
De Gesondheetsminister Etienne Schneider an d'Ministesch fir de Konsumenteschutz, d'Paulette Lenert, betounen an hirer Äntwert, datt et sech hei ëm e komplexe Sujet handelt, an datt ee muss tëschent deene verschiddenen Deeler vun der Planz ënnerscheeden.
D'Kären vum industriellen Hanf a Produiten déi doraus gemaach ginn, zum Beispill den Hanfueleg kënnen als Liewensmëttel benotzt ginn. D'Bléie si bekannt als Téi.
D'Extraiten aus der Cannabis Sativa Planz konzentréiert mat CBD zielen dogéint zu de Liewensmëttel ouni "historique de consommation" wéi dat heescht. De CBD, och CBD Ueleg -heescht et an der Äntwert vun deenen zwee Ministeren- sinn deemno als neiaarteg Liewensmëttel ze klasséieren. Déi sinn europäesch gereegelt an hier Kommerzialisatioun als Liewensmëttel brauch eng Autorisatioun.
D'Ministere präziséieren, datt bei der Securité alimentaire op véier Niveaue geschafft gëtt.
D'Beamten kontrolléieren zum Beispill d'Internetsäiten. Zënter dem leschte Mee wieren 11 Geschäftsleit déi e Site mat CBD Produiten hunn kontrolléiert ginn a kruten dono e sougenannte "rapport d'appréciation" geschéckt mat Verwarnungen.
10 weider Sitten stinn den Ament nach op fir kontrolléiert ze ginn.
Kontrolléiert gëtt dann och beim Import. Zejoert goufen 17 Envoien mat CBD/Hanf/Cannabis blockéiert an zeréck geschéckt.
Geschäfter, déi scho bestinn, ginn dann och reegelméisseg kontrolléiert.
Wat d'Hierkonft vun deene Produiten betrëfft, heescht et, datt se dacks aus der Schwäiz an aus den USA kommen, awer och an Europa hiergestallt ginn.