Parlamentaresch FroWéi grouss ass de Schued un de Riewen duerch Frascht a Knëppelsteng?

Kevin Kayser
Direkt zwou parlamentaresch Froe hu sech mam Thema Riewe beschäftegt an wollte wëssen, wéi gutt d'Wënzer géint de Schued verséchert waren.

Si hunn et net gär ze kal, a scho guer net, wa se der op de Kapp kréien. De leschte Mount allerdéngs gouf et zwou ganz kal Nuechten, wou eng ganz Partie Riewen op der Musel futti goungen. An zwou parlamentaresche Froen, eng Kéier vun der DP an eng aner Kéier vun der CSV, wollten d’Deputéiert Gilles Baum, Léon Gloden, Françoise Hetto-Gaasch an Octavie Modert e puer weider Informatioune vum zoustännege Landwirtschaftsminister Romain Schneider kréien.

Parlamentaresch Fro iwwer Riewen / Reportage Nadine Gautier

Do natierlech stoung d’Fro am Raum, wéi grouss d’Envergure vum Schued ass, deen de Frascht an der Nuecht vum 4. op de 5. Mee a vum 7. op den 8. Mee hannerlooss huet. Do mengt de Minister, datt am Duerchschnëtt 30 bis 50 Prozent vun der Duerchschnëttslies vun 120.000 Hektoliter kéinte concernéiert sinn. Konkret Zuelen hätt een awer nach net.

Op déi lescht 10 Joer gekuckt, schéngt dëst Joer am schlëmmste betraff ze sinn. Mat plazeweis bis zu 100 Prozent Ausfäll, wéinst dem Frascht. Dat wieren Schied, déi mat deenen aus dem Joer 1991 ze vergläiche wieren. Wann een dann awer d’Joresvergläich op 10 Joer hëlt an do kuckt,  wat d’Knëppelsteng alles futti gemaach hunn, steet näischt iwwert 2019 an der Question parlementaire, déi do just d’Zuele vum leschte Joer zeréck bis 2009 kuckt.

D’Deputéiert wollten dann och nach Informatiounen iwwert Assurancen, déi d’Wënzer ofschléisse kënnen. 65 Prozent vun de Käschte ginn do vum Staat iwwerholl. Do stelle sech d’Parlamentarier d’Fro, wéi vill Leit dann esou eng Assurance hätten. Vun 1.250 Hektar Produktiounsfläch sinn 815 géint de Frascht verséchert, 1.060 géint d’Knëppelsteng. 82 Exploitatioune vun 294 si géint d’Knëppelsteng a Frascht verséchert, 72 just géint Knëppelsteng. Aner staatlech Hëllefe géifen net envisagéiert ginn, well de Staat scho bei den Assurancen de Wënzer ënnert d’Ärem gräift. D’Optioun, fir d’Wéngerte virum Frascht zum Beispill duerch oppe Feierplazen ze schützen, ass duerch déi vill Aarbecht a Käschten, déi domadder verbonne sinn, net flächendeckend duerchzeféiere, heescht et vum Landwirtschaftsminister Romain Schneider.

Back to Top
CIM LOGO