Lëtzebuerg-KatarWéi gutt verdroe sech Moral a Realpolitik?

Anne Wolff
Elo, wou de WM-Optakt ëmmer méi no réckt, gëtt och d'Kritik um Gaaschtland Katar ëmmer méi haart.
Lëtzebuerg-Katar: Moral vs. Realpolitik
Elo, wou de WM-Optakt ëmmer méi no réckt, gëtt och d’Kritik um Gaaschtland Katar ëmmer méi haart.

Am Ausland ginn et Stied, déi aus politeschem Protest refuséieren, Public Viewings z’organiséieren. Lëtzebuerg hat jo eng Zäit méi eng intensiv Relatioun mam Katar, ma och an der Stad soll et dëst Joer keng Iwwerdroung vun de Matcher op ëffentleche Plaze ginn. Dat hätt awer kee politeschen Hannergrond.

Dass et déi Biller dëst Joer net wäert an der Stad ginn, hätt ganz praktesch Grënn, am Wanter wier et einfach ze kal fir e Public Viewing. Sport aus ethesche Grënn boykottéieren, mécht fir d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer wéineg Sënn, schliisslech géif d’Qatar Cargo nach ëmmer um Findel leien. Trotzdeem misst ee sech um politesche Plang positionéieren.

Qatar Cargo um Findel

Effektiv ass déi kataresch Airline zanter 10 Joer e gudde Client um Findel. Sie huet hei hire weltwäit gréissten Hub nieft Doha.

Bis zu 45 Fligeren d’Woch si virun der Pandemie vum Findel aus an d’ganz Welt geflunn. Haut sinn et der ëmmerhin nach 30 an et wëllt een expandéieren. De Findel ass fir d’Airline optimal, well et hei eng sougenannte Fastlane ouni zousätzlech Douaneskontroll gëtt an esou empfindlech Wueren, wéi z.B Blummen, séier mat enger Lëtzebuerger Firma a ganz Europa kënnen transportéiert ginn.

Déi direkt Echangen tëscht Lëtzebuerg an dem Katar sinn iwwerdeems staark zeréckgaangen. Goufen 2012 Wueren a Servicer an Héicht vun 88 Milliounen Euro exportéiert, waren et der d’lescht Joer nach 44. D’Importer waren ëmmer relativ kleng, mat 9 respektiv 6 Milliounen.

© RTL Grafik

Moral vs. Realpolitik

Dobäi sëtzt de Katar an der Energiekris mat Hëllef vu Flësseggas um laangen Hiewel an Däitschland huet am Mee eng Energiepartnerschaft mam Emirat ofgeschloss. Lëtzebuerg bréicht de Gas aus dem ondemokratesche Golfstaat awer net, erkläert de Claude Turmes. Éischtens, géing een net direkt bei Fournisseuren, mee iwwert europäesch Plattforme kafen. Zweetens, géif een, am Fall vun engem direkte Kontrakt mat engem Fournisseur, op Norwegen zeréckgräifen, well dat en demokratescht Land wier.

Staark, awer grad esou ondemokratesch Investisseuren, sinn iwwerdeems haut hei am Land beispillsweis d’Arabesch Emirater, Saudi-Arabien awer och China, déi d’Relève vum Katar geholl hunn. Alles keng Héichbuerge vun de Mënscherechter, mee wéi vill Moral verdréit Realpolitik? Amnesty International plädéiert fir Pragmatik, och iwwert Handelsbezéiunge kéint een eng Stäerkung vun de Mënscherechter kréien.

“Wandel duerch Handel” nennt sech dat Konzept, dat och an der Chambre de Commerce en oppent Ouer fënnt. Als klengt Land dierft een net ze vill kriddeleg sinn, soss géif d’Diversifikatioun vun de Marchéë schwiereg, erkläert de Carlo Thelen. Am Mäerz steet fir d’Chambre de Commerce nees eng Rees a Saudi-Arabien un.

Déi aner Deeler an der Serie fannt Dir hei:

Ekonomesch Relatiounen: Katar-Lëtzebuerg - eng kuerz Frëndschaft? Katar-Lëtzebuerg: D’Emirat investéiert a Sport a Relioun

Back to Top
CIM LOGO